Journée commémorative
LU
Op dësem nationale Gedenkdag hu mir zu Stengefort un de Kampf an d’Affer vun de Krichsjoren 1940-1945 erënnert. Bei de verschiddene Gedenkmomenter zu Stengefort an Hoen-Klengbetten hu vill Awunner·innen, Vertrieder·innen aus dem Gemengeliewen, Veräiner an Institutiounen zesummefonnt, fir d’Erënnerung un dës wichteg Period vun eiser Geschicht wachzehalen.
Besonnesch am Mëttelpunkt stoung dëst Joer d’Bedeelegung vun de jonke Generatiounen. D’Kanner vun der Grondschoul hunn sech an engem Dialog mam Sënn vum « Monument aux morts » an der Erënnerungskultur auserneegesat. D’Kanner vun der Maison Relais hunn zwou selwer gestalte Gerben néiergeluecht, wärend d’Jugendlech vum Jugendhaus Erënnerungssteng presentéiert hunn, déi si fir dëse Moment geschaf haten.
Dës Journée commémorative war e Moment vum Erënneren, vum Nodenken an dem Weidergi vun eiser Geschicht un déi jonk Generatiounen. E grousse Merci un all déi, déi un dëser Gedenkfeier deelgeholl an zu hirem Gelénge bäigedroen hunn, besonnesch der Harmonie Klengbetten, der Stengeforter Musek an dem Schoulensemble fir hir wäertvoll musikalesch Begleedung.
EN
On the National Day of Commemoration, the Municipality of Steinfort paid tribute to those who lived through and fought during the years of occupation from 1940 to 1945. The various remembrance ceremonies held in Steinfort and Hagen-Kleinbettingen helped preserve the duty of remembrance and pass this important history on to future generations.
This year, young people played a special role in the commemorative ceremony. Pupils from the fundemantal school encouraged the audience to reflect on the meaning of the war memorial and the importance of collective remembrance. Children from the Maison Relais laid two wreaths they had created themselves, while young people from the Maison des Jeunes presented remembrance stones specially made for the occasion.
The day provided an opportunity for remembrance, reflection and community gathering. A sincere thank you to everyone who took part, as well as to the partners who contributed to the ceremony, including the Harmonie Klengbetten, the Stengeforter Musek and the school music ensemble.