Wunnenge fir eeler Leit

D’Gemeng Stengefort huet déi al Maison Collart agedeelt, op den Nummeren 10 an 12 vun der rue de l'Hôpital (vis-à-vis vum Hôpital intercommunal HIS), a 15 Appartementer. D’Fläch geet vu 54 bis op 85m², a si erfëllen déi spezifesch Bedierfnesser vun eelere Leit.

D’Loyere gi fixéiert no de Krittäre vum bezuelbare Wunnraum (ofgeännert Gesetz vum 7. August 2023 iwwer bezuelbare Wunnraum). E Gemengereglement bestëmmt d’Zougangsbedéngungen an dëse Wunnengen.

Eng Wunneng gëtt fräi: wéi ginn ech dat gewuer?

Wann eng Wunneng fräi gëtt, ginn all d’Awunner vun der Gemeng Stengefort informéiert:

  • duerch Aushänken, op den üblechen Aushangsplazen;
  • iwwer een Avis, déi an all d’Bréifkëschte verdeelt gëtt.

Dës Matdeelung preziséiert all déi néideg Informatiounen, fir Ären Dossier mat der Ufro zesummenzestellen, souwéi de spezifesche Formulaire, deen auszefëllen ass.

Télechargement