- Administratioun
- Gemengedepartementer
- Département d'ordre public
Département d'ordre public
Den Ordre public (Bannhüter/garde champêtre a Gemengebeamten/Agent municipal) intervenéiert haaptsächlech am Beräich ländlecher Police (Police rurale). Ënner der Autoritéit vum Buergermeeschter garantéiert dëse Service Preventiouns- an Iwwerwaachungsmissiounen: eng gutt Uerdnung, Rou, ëffentlech Sécherheet a Propretéit, dëst geschitt alles am Kader vun dem Allgemenge Police- a Gemengereglement (Règlement général de police de la commune).
E stellt och d’Parkingsinfraktioune fest, ënner der Autoritéit vum Buergermeeschter a konform mam Kommandant vum Policekommissariat. Hie ka Protokoller ausstellen, konform mam Gesetz, dat de Verkéier op allen ëffentleche Stroosse reglementéiert (loi sur la circulation routière).
E Protokoll vun engem Agent communal kontestéieren
Dir kënnt e Protokoll ouni d’Presenz vum betreffende Gemengebeamten ufechten, (zum Beispill, fir e Verstouss géint Stoebleiwen, Parken oder Parkéieren). Heifir hutt Dir zwou Méiglechkeeten:
- Dir presentéiert Iech perséinlech um Kommissariat vu Capellen, deen de Constat gemaach huet (21A, route d'Arlon, L-8310 Capellen) ;
- Dir schéckt eng schrëftlech Contestatioun un d’Direction centrale Police administrative, Service national des avertissements taxés (SNAT), L-2957 Luxembourg, andeem Dir de Formulaire, deen Dir erofluede kënnt, ausfëllt an ënnerschreift.
Opgepasst: an dësem Fäll ass d’Gemeng Stengefort NET Ären Uspriechpartner.
Kontakt
Alexandra Charpentier
Garde Champêtre & Agent municipal, Chef de département