Chiens - Muppen
D’Gesetz schreift vir, datt Hondsbesëtzer gewësse Verflichtungen hunn. D’Zil ass et, Hënn besser ze kontrolléieren an ze identifizéieren, an d’Besëtzer ze animéiere gewësse Sécherheetsmoossnamen ze respektéieren.
- den Hond elektronesch vun engem unerkannten Déierendokter identifizéiere loossen
- den Hond bei der Gemeng vum Wunnuert umellen, mat senger Rass an Anti-Tollwut-Impfung
- den Doud vum Hond bei der Gemeng vum Wunnuert ze mellen
- eng järlech Steier vu 50,- €/Hond bezuelen
- den Hond muss d’Dressursstonnen gepackt hunn
- e Certificat vum Déierendokter bréngen, deen den Datum vun der Kastratioun, fir gewëssen Hënn, ugëtt.
- en Diplom, deen d’Packe vun enger Formatioun beleet
- volljäreg sinn an en eidele Casier Judiciaire hunn
Weider Informatiounen zu dësem Thema fannt Dir online op Guichet.lu
Dir musst Ären Hond, bannent 4 Méint no senger Gebuert, op der Gemeng vun Ärem Wunnuert umellen. Fir dës Umeldung braucht Dir e Certificat vum Déierendokter mat follgenden Informatiounen:
- d’Rass vum Hond
- ob den Hond geféierlech ka ginn
- säin Impfstatus géint d’Tollwut
Dëse Certificat muss vum Déierendokter ausgestallt, wann den Hond mat engem elektronesche Chip identifizéiert gëtt.
Dir musst och, bei der Umeldung, eng Attestatioun vun der Versécherung matbréngen. Dëse Kontrakt muss mat enger zu Lëtzebuerg unerkannter oder autoriséierter Assurancegesellschaft ofgeschloss gi sinn, an d’Haftflicht vum/vun der Besëtzer·in muss fir Schied, déi den Hond Drëtte verursaache kéint, ofdecken.
D’Umeldung gëtt un Hand vun dësem Formulaire gemaach. Se schléisst follgend Informatiounen an: Coordonnéeë vum/vun der Besëtzer·in, Rass vum Hond, elektronesch Identifikatiounsnummer an Tollwut-Impfung.