D'Stroossen erzielen hir Geschicht

Plaque du parcours « D’Stroossen erzielen hir Geschicht » dédiée au General George Smith Patton au Square General Patton.

Wësst Dir, wien déi 9 männlech Perséinlechkeete waren, déi 8 Stroossen an eiser Gemeng hiren Numm ginn hunn?

Mir ginn all Dag laanscht hir Nimm, ouni ëmmer hire Parcours ze kennen. Awer jidderee vun dëse Männer huet, op senger Niveau an a sengem Beräich, eis kollektiv Geschicht gepräägt a verdéngt et, dass een sech domat beschäftegt.

Am Kader vum Internationalen Dag vum Mann, deen den 19. November gefeiert gëtt, invitéiert d'Gemeng Iech, den Ursprong vun dëse Stroossennimm z'entdecken! Schëlder mat QR-Coden sinn direkt un d'Poteaue vun de jeeweilege Stroosseschëlder befestegt. Scannt se einfach mat Ärem Smartphone, fir déi eenzel Biographie vun dëse Perséinlechkeeten nozeliesen.

Dës Biographië goufe mat der Suergfalt an der historescher Genauegkeet, déi si verdéngen, ausgeschafft fir dëse Männer Hommage ze erweisen an de lokale Patrimoine esou lieweg ze halen.

Gitt op d'Entdeckungsrees bei de: Pierre Braun, Charles a Jules Collart, Demy Steichen, Gustave Loosé, Luss Arendt, Charles Kieffer, dem Generol George S. Patton Jr a Charel Kréimer.

Kuckt, scannt, deelt d'Informatiounen, genéisst d'Erfarung, léiert dobäi a haalt d'Erënnerung un dës néng Perséinlechkeeten um Liewen!