Galerie CollART

En Espace reservéiert fir d’Konscht am Zentrum vu Stengefort

D’Gemeng Stengefort presentéiert Iech d’Galerie CollART. Eng Ausstellungsplaz an der Villa Collart, matten am Zentrum vu Stengefort.

Dëse kulturellen, dynameschen Espace empfänkt all Joer véier Ausstellungen, ausgewielt no engem Opruff u Kënschtler, an Zesummenaarbecht mat der berodender Kommissioun fir Kulturfroen an Tourismus. All Ausstellung leeft iwwer dräi Weekender an erlaabt der Ëffentlechkeet d‘Kënschtler·innen ze begéinen a sech mat hinnen iwwer hir Aarbecht auszetauschen.

Zousätzlech mécht d’Galerie hir Diere fir thematesch Ausstellungen op, déi vun der Gemeng organiséiert ginn, an déi verschidde kënschtleresch a kulturell Themen erfuerschen.

D’Galerie CollART gesäit sech gär als Treffpunkt an Entdeckungsplaz, déi d’Kreativitéit an all hire Formen a Facettë beliicht.

Kommt an entdeckt eng Plaz, wou d’Konscht lieweg gëtt, matzen a Stengefort!

Ausstellung "Grenz/Frontière(s)" vum Lilian Mombach a Sandra Resende

D’Gemeng Stengefort, zesumme mat der berodender Kommissioun fir Kultur an Tourismus, invitéiert Iech op d’Ausstellung “Frontière(s)/Grenz” vun den zwou talentéierte lëtzebuergesche Kënschtlerinnen Lilian Rose Mombach a Sandra Resende an der Galerie CollART.

Duerch individuell Wierker an enger gemeinsamer Installatioun schafen d'Kënschtlerinnen en Dialog tëscht Pabeier a Stoff, a verwëschen dobäi d'Grenzen: Pabeier gëtt wéi Stoff veraarbecht, wärend Stoff wéi Pabeier geformt gëtt. D‘Installatioun, déi aus eenzegaartege Fragmenter besteet, déi zu engem liewegen, evoluéierende Wierk zesummegesat sinn, invitéiert de Publikum, ronderëm ze goen an seng vill Facetten ze entdecken.

Eng sensibel an immersiv Ausstellung, déi de Lien tëscht Trennung a Begéinung, Transparenz a Präsenz erfuerscht.

Galerie CollART, 15 rue de Hobscheid, Stengefort
18.9-20.9 | 25.9-27.9 | 2.10-4.10
Freides vu 17:00 bis 20:00 Auer
Samschdes & Sonndes vu 14:00 bis 19:00 Auer
A Präsenz vun de Kënschtlerinnen

E Rendez-vous fir all d’Konschtliebhaber an all Virwëtzeg deen net ze verpassen ass. Kommt bis laanscht a loosst Iech inspiréieren!

Ausstellungsansicht mit grafischen Wandinstallationen, strukturierten braun-weißen Skulpturen und hängenden Elementen in zeitgenössischer Kunstgalerie