Pass
De lëtzebuergeschen, biometresche Pass
De Pass ass e Reesdokument, dat vum Staat ausgestallt gëtt an dat anere Staaten erlaabt de Besëtzer·in ze identifizéieren.
De lëtzebuergesche Pass respektéiert d’Norme betreffend d’Sécherheetsmoossnamen an de biometreschen Elementer. En integréiert en elektronesche Chip, deen d’Identitéitsfoto vum/vun der Besëtzer·in enthält, zwou Fotoe vum digitale Fangerofdréck an eng Foto vu der Ënnerschrëft.
Zënter der Aféierung vum biometresche Pass muss all Persoun hiren eegene Pass hunn — och all Kand.
De Pass ass nëmmen obligatoresch fir an déi Länner ze reesen, déi e fuerderen, dat heescht déi meescht Länner baussent dem Espace économique européen (EEE). Um Pass ginn d’Arees- an d’Openthaltsvisaen an engem Drëttland agedroen, wann dës Formalitéit gefuerdert gëtt.
Wéi kréien ech en neie Pass?
Bankdaten: IBAN : LU46 1111 1298 0014 0000
Beneficiaire: Bureau des passeports
Code BIC: CCPLLULL
Kommunikatioun: demande de passeport pour « nom(s) et prénom(s) »
Fir Erwuessener:
- 50 € am klassesche Verfaren (10 Joer gülteg)
- 150 € am Schnellverfaren (10 Joer gülteg)
Fir Mannerjäreger tëscht 4 an 18 Joer:
- 50 € am klassesche Verfaren (5 Joer gülteg)
- 150 € en am Schnellverfaren (5 Joer gülteg)
Fir Kanner ënner 4 Joer:
- 30 € am klassesche Verfaren (2 Joer gülteg)
- 90 € am Schnellverfaren (2 Joer gülteg)
Dir kënnt och direkt op der Plaz, am Passbüro, bezuelen.
- Méindes, Dënschdes, Donneschdes a Freides: vun 9:00 bis 11:30 Auer a vu 14:00 bis 16:00 Auer, oder op Rendez-vous
- Mëttwochs: vun 9:00 bis 11:30 Auer; nomëttes nëmmen op Rendez-vous
Är Foto gëtt direkt op der Plaz gemaach. Fir e Kand vun ënner engem Joer, musst Dir eng Foto matbréngen, déi den OACI Normen entsprécht.
Dir musst Är Demande selwer maachen; e mannerjäregt Kand (ënner 18 Joer) muss vun engem Elterendeel, dat d’Suergerecht huet, oder vu sengem·er gesetzlechen Tuteur·rice begleet ginn.
Bréngt, wa méiglech, deen ale Pass mat.
Äre Pass ass am Prinzip an engem Delai vun 10 Aarbechtsdeeg bei der Gemeng verfügbar.
6, rue de l'Ancien Athénée, L-1144 Luxembourg
Vu méindes bis freides, vun 8:30 bis 16:00 Auer
Tel. : +352 24 78 83 00
Är Foto gëtt direkt op der Plaz gemaach. Wann Dir léiwer eng Foto vun engem professionelle Fotograf benotzt, déi den OACI Normen entsprécht, kënnt Dir se am Passbüro ofginn.
Dir musst Är Demande selwer maachen; e mannerjäregt Kand (ënner 18 Joer) muss vun engem Elterendeel, dat d’Suergerecht huet, oder vu sengem·er gesetzlechen Tuteur·rice begleet ginn.
Bréngt, wa méiglech, deen ale Pass mat.
Äre Pass ass am Prinzip an engem Delai vu 7 Aarbechtsdeeg bei der Gemeng verfügbar.
Maacht eng Deklaratioun bei der Police Grand-Ducale, oder iwwer MyGuichet.lu.
Dir kënnt e Schnellverfare bei der Gemeng oder dem Passbüro ufroen. Äre Pass gëtt da bannent maximum 3 Aarbechtsdeeg ausgestallt a muss um Passbüro ofgeholl ginn. (Dir gitt direkt vun hire Servicer kontaktéiert).
Fir méi Informatiounen: MyGuichet.lu