- Administratioun
- Administrativ Demarchen
- Fräi Nuecht
Fräi Nuecht
Eng Fräi Nuecht (Nuit blanche) ufroen
De Buergermeeschter kann eng individuell Ausnam geneemegen, fir d’Ëffnungszäite vun engem alkoholeschen Ausschank vun 1:00 Auer op 3:00 Auer nuets ze verlängeren.
Wann Dir en Ausschank (Restaurant, Café...) bedreift, musst Dir dem Buergermeeschter eng schrëftlech a motivéiert Demande schécken, op d’mannst fënnef Deeg virun deem gewënschten Datum.
Wien ass betraff?
D’Fräi Nuecht ass fir d’Restaurateuren an d’Wiertsleit, déi méi laang alkoholescht Gedrénks verkafe wëllen. Se betrëfft och d’Veräiner, déi eng Manifestatioun mam Verkaf vun alkoholeschem Gedrénks organiséieren, wa si dat bis 3:00 Auer nuets maache wëllen.
Wann Dir eng privat Feier an engem Gemengesall organiséiert, braucht Dir keng Fräi Nuecht unzefroen.
Gutt ze wëssen
D’Fräi Nuecht geet net ëm de Kaméidi oder d’Dauer vun der Soirée. Fir all Froe betreffend de Kaméidi, haalt Iech un d’Policereglement vun der Gemeng.