- Liewen zu Stengefort
- Sozialen Zesummenhalt
- Office social régional
Office social régional
Missioune vum Office social
All Persoun, déi sech legal zu Lëtzebuerg ophält, huet am Prinzip d’Recht op Sozialhëllef, fir e mënschewierdegt Liewe féieren ze kënnen.
D’Sozialhëllef garantéiert de Persounen an Nout, souwéi hirer Famill, den Zougang zu Gidder a Servicer, déi un hir Situatioun ugepasst sinn. Se ziilt drop of, hinnen ze hëllefen, hir Autonomie ze kréien oder ze erhalen.
Se kann als zousätzlech Hëllef ugesi ginn: se ka sozial Moossnamen oder finanziell Leeschtunge vervollstännegen, déi vun anere Gesetzer oder Reglementer virgesi sinn, déi den/d‘Empfänger·in awer virdrun huet missen ugefrot hunn.
Se ka palliativ, heelend oder preventiv sinn a se stützt sech op eng kuerzfristeg, mëttelfristeg oder laangfristeg sozial Begleedung. Am Bedarfsfall kann dës Begleedung och aus enger materieller Hëllef wéi Saachleeschtungen oder Geldleeschtunge bestoen.
Wie kann dovu profitéieren?
Fir eng Sozialhëllef unzefroen, mellt Iech beim Office social vun der Gemeng vun Ärem Wunnuert.
Den Office social régional vu Stengefort regruppéiert d’Gemenge Garnech, Habscht, Käerch, Simmer a Stengefort.
Office social régional de Steinfort
Tel. : (+352) 28 22 75-1
11, rue de Kleinbettingen
L-8436 Stengefort
E-mail: [email protected]
Ëffnungszäiten
Vu méindes bis freides, vun 8:30 bis 11:30 Auer a vun 13:30 bis 15:30 Auer