- Liewen zu Stengefort
- Kanner & Jugendlecher
- Grondschoul
Grondschoul
D’Gemeng stellt d’Infrastrukturen an déi néideg Ekipementer fir den Enseignement vun der Grondschoul zur Verfügung. Se ass och Responsabel fir d’Organisatioun vun der Schoul an der Opdeelung vun de Schüler·innen an de Klassen.
Den Enseignement am Fondamental ass obligatoresch a gratis. E besteet aus 9 Schouljoren, opgedeelt a 4 Léiercyclen, déi, déi klassesch Schouljoren ersetzen. All Cycle dauert am Prinzip 2 Joer.
Den 1. Cycle besteet aus:
- engem Joer Precoce, fakultativ;
- zwee Joer Spillschoul, déi Deel vun der Schoulflicht sinn.
Am Prinzip gëtt Äert Kand an eng Klass vun enger Gemengeschoul an deem Quartier oder där Géigend integréiert, déi am nooste bei Ärem Wunnuert ass.
D’Gemengeverwaltung informéiert d’Eltere schrëftlech am Ufank vun der Schoulflicht vun hirem Kand a schreift et automatesch an där Schoul no bei sengem Wunnuert an.
Wann Dir entscheet Äert Kand an engem Etablissement baussent senger Géigend oder der Gemeng anzeschoulen, musst Dir dem Service Scolaire vun der Gemengeverwaltung vu Stengefort esou séier wéi méiglech e Schoulcertificat zoukomme loossen.
De Schoulkommitee garantéiert d’Verwaltung vun der Schoul ënner der Opsiicht vun de Gemengen- an nationalen Autoritéiten. D’Mandater vu senge Memberen dauere fënnef Joer a sinn erneierbar.
An Zesummenaarbecht mat der Direktioun vun der Regioun an de Gemengenautoritéiten huet de Schoulkommitee d’Missioun, d’Organisatioun an d’Verwaltung vun der Grondschoul sécherzestellen, souwéi de Partenariat mat den Eltere vun de Schüler a Schülerinnen.
Downloads
Kontakt
Debbie Houss
Secrétariat général, Agent administratif et de gestion budgétaire et scolaire