- Kultur & Fräizäit
- Bekanntste Manifestatiounen
- Vintage Cars & Bikes
Vintage Cars & Bikes
Zanter 2013 dréint sech all 1. Weekend am August alles ronderëm d'Oldtimer, egal op al Autoen, Motorrieder, Trakteren, Camionen...., all motoriséiert Gefier wat méi wéi 30 Joer um Bockel huet ass häerzlech Wëllkomm.
Op de Sitten «An de Keeseminen» an «Al Schmelz», ronderëm de Weier an am Schoulhaff zu Stengefort, ewéi am Park hannert dem Gemengenhaus organiséieren d'Mechanical Freaks, de Centre d'Intervention, de Club des Jeunes Hoen-Klengbetten an d'Entente vun de Veräiner deen Event wou sech alles ronderëm déi al Maschinnen dréint. Sou kann ee Samstes a Sonndes vill schéin an och rar al Autoen, Motorrieder, Trakteren, Camionen asw.... bestaunen, et kritt een Ersatzstécker a "Pièces détachées" ze kafen, Auto-Literatur, Modellautoen, al Schëlder a Logoe vun Autosmarken, Souveniren, asw.
Natierlech ass och beschtens fir Iessen a Gedrénks am Catering an op de Pit-Stops gesuergt.
Soumat bitt de Vintage Cars & Bikes zu Stengefort sech un, fir e flotte Familljenausfluch an d'Welt vum alen Automobil ze maachen.