- Administratioun
- Administrativ Demarchen
- Gebuerten
Gebuerten
Deklaratioun vun enger Gebuert
All Gebuert muss obligatoresch beim Biergerzenter vun der Gemeng, wou se stattfonnt huet, gemellt ginn, dëst an engem Delai vun 10 Deeg no der Gebuert (den Dag vum Accouchement gëtt net gezielt). Wann de leschten Dag op e Samschdeg, e Sonndeg oder e gesetzleche Feierdag fält, gëtt den Delai bis op den nächst follgende Schaffdag verlängert.
Wann d’Gebuert an deem Delai net deklaréiert gouf, ass eng Decisioun vum Geriicht néideg, fir e Gebuertsschäin auszestellen.