Génération sans tabac

Fir eng Zukunft ouni Tubak bis 2040

D’Gemeng Stengefort bedeelegt sech un der Initiativ «Génération Sans Tabac». Dëse Schrëtt geet zesumme mat der nationaler Strategie vun der Fondation Cancer, déi am Mäerz 2023 gestart gouf, an déi als Zil eng Generatioun ouni Tubak bis 2040 huet. Stengefort huet sech am Juni 2024 dëser Beweegung nieft villen anere lëtzebuergesche Gemengen ugeschloss, mam Label «Génération Sans Tabac», déi sech all engagéiere fir zukünfteg Generatiounen ouni d’Gefore vun der Nikotinsucht.

En offiziellt Engagement

De Buergermeeschter Sammy Wagner, begleet vun de Schäffe Marianne Dublin-Felten a Guy Erpelding, huet d’Conventioun «Génération Sans Tabac» ënnerschriwwen. De Gemengerot huet se eestëmmeg an der Sëtzung vum 1. August 2024 bestätegt.

«Mir hunn eng Verantwortung eise Bierger·inne géintiwwer, an dëst Engagement weist eisen Entschloss déi ëffentlech Gesondheet ze schützen an de Jonken eng Zukunft ouni Tubak ze bidden», huet de Buergermeeschter Sammy Wagner erkläert.

D‘Piliere vun der Initiativ

De Bäitrëtt bei «Génération Sans Tabac» berout op e puer Moossnamen:

  • all Joer de Präis vun den Tubaksprodukter ze erhéijen;
  • déi Jonk ze sensibiliséieren, fir den Astig an d’Nikotinsucht ze vermeiden;
  • all Reklamme fir den Tubak ze verbidden;
  • den Zougang zu Tubaksprodukter limitéieren;
  • d’Net-Fëmmerte virum passiv Fëmme schützen;
  • déi Leit ënnerstëtzen, déi mam Fëmmen ophale wëllen.

A Richtung Gemeng ouni Damp

Stengefort engagéiert sech Zonen ouni Tubak ze schafen, fir seng Bierger·innen ze sensibiliséieren a fir Manifestatioune ronderëm e gesonde Liewensstil ze organiséieren.

Moossnamen, déi scho bestinn:

  • Verstellen vun den Äschebechere virum Gemengenhaus;
  • Messagen un d’Visiteuren, fir se iwwer déi nei Orientéierung ouni Tubak ze informéieren;
  • Reservatioun vun engem Beräich, wou net däerf gefëmmt ginn, wärend Manifestatiounen, déi vun der Gemeng organiséiert ginn, dacks de Kannereck, wou mat Schëlter drop higewise gëtt;
  • Kleng Messagen «Zonen, wou net dierf gefëmmt ginn» op engem Deel vun den Dëscher an de Restauratiounszonen, fir d´Leit ze sensibiliséieren.

Progressiv wäerten all d’Äschebecheren an de Gemengegebaier geréckelt ginn.

En duebele Virdeel fir d’Gesondheet an d’Ëmwelt

Andeem Stengefort dësem Label bäigetrueden ass, gëtt ee sech net domat zefridden d’Nikotinsucht ze reduzéieren: d’Gemeng wëll och den Impakt op d’Ëmwelt vum Offall vun den Zigaretten an d’Produktioun vum Tubak limitéieren. D’Gesondheet vun den Awunner·innen an den Ëmweltschutz ginn esou Hand an Hand.

Mat der Ënnerstëtzung vun der Fondation Cancer strieft Stengefort duerno e Modell fir déi aner Gemengen ze ginn, fir eng gesond, verantwortlech an nohalteg Zukunft.

Méi heizou