Sport-Infrastrukturen

Duerch seng sëllege Sportsclibb kann d’Gemeng Stengefort eng grouss Auswiel un Disziplinnen, Sportsmanifestatiounen a gëeegent Infrastrukturen ubidden. D’Gemengeservicer ënnerhalen dës Installatioune stänneg, si bauen se ëm a riichten se an.

Den neie Sportzenter

2025_01_22_Piscine Steinfort-3574

Déi nei Schwämm huet Enn 2025 hir Diere fir d’Schoulen opgemaach, an Ufank 2026 fir d’Ëffentlechkeet, gläichzäiteg mat enger vun de Sportshalen.

Déi al Schwämm gouf opgerappt. D’Baustell vum Rescht vun der Sportshal ass nach amgaang; se misst fir Enn 2027 fäerdeg sinn.

Eemol fäerdeggestallt erlaabt de Sportzenter de Klasse vun der Stengeforter Grondschoul, esouwéi de lokale Veräiner vun dësen Infrastrukturen ze profitéiere fir d’Turn- an d’Schwammcoursen, oder fir hiren Training.

Méi Informatiounen

D’Schwämm

D’Schwämm besteet aus 2 Basengen:

  • De grousse Baseng: 25m laang, 12,50m breet, mat enger Déift vun 2,50m. Op enger Längt vun 10 Meter kann de Fong an der Héicht agestallt ginn an dëst bis op 0cm Déift, fir sech de Bedierfnesser vum Schoulschwammen an de verschiddenen Aqua-Gym-Coursen unzepassen. Wärend den Ëffnungszäiten ass d'Déift vum Baseng op 1,60 Meter agestallt, wat de meeschte Schwëmmerinnen en optimale Confort bitt. D’Waassertemperatur ass 28°C.
  • De klenge Baseng: De Léierbaseng ass 12,5m laang, 10m breet, mat enger maximaler Déift vun 1,35m. Eng Trap leeft iwwer déi ganz Längt an de Fong ka bis op 0cm Déift regléiert ginn. Normalerweis agestallt op enger Déift vun 0,95m wärend den Ëffnungszäiten, bitt dëse Baseng ideal Konditioune fir Schwammen ze léieren, Waasserspiller a Familljenaktivitéiten. Fir ganz jonk Kanner gëtt dëse Baseng all Samschdeg Nomëtten an op bestëmmte Freideger wärend der Mëttesstonn op eng Déift vun 63cm agestallt.D’Waassertemperatur ass 31°C.

An deem selwechte Gebai befënnt sech och eng finnesch Sauna an en tierkescht Bad.

Méi dozou
2025_01_22_Piscine Steinfort-3574

Déi aner Sportinfrastrukturen

2025_01_22_Piscine Steinfort-3574

D’Gemeng vu Stengefort huet och:

  • Multifunktionell Terrainen
  • Tennisterrainen
  • Fussballsterrainen
  • Beach-Volley-Terrainen
  • Terraine fir Petanque