- Kultur & Fräizäit
- Tourismus
- Vëlosweeër
Vëlosweeër
Zwou Vëlospiste kräizen sech um Territoire vun der Stengeforter Gemeng:
- d’PC12, d’Pist vun der Atert, déi laanscht déi al Zuchlinn leeft. Si verbënnt Péiteng mat Colmer-Bierg, iwwer Kënzeg, Stengefort, Äischen, Näerden, Useldeng a Béiwen-op-der-Atert;
- d'PC13, déi mam Zentrum vum Land verbënnt (iwwer Mamer, Bartreng a Stroossen, bis op d’Stäreplaz an der Stad).
Den Areler Circuit BELAREL ass och verfügbar, entweeder iwwer den Uschloss Äischen-Clairefontaine, oder andeem een zu Stengefort-Sterpenich iwwer d’Grenz fiert.
Zënter dem 13. Abrëll 2026 sinn d’Aarbechten amgaang, fir eng sécher Vëlosverbindung ze schafen tëschent Arel (Belsch) a Lëtzebuerg, dëst op ongeféier 10km. Dësen europäesche Projet (Programm Interreg Grande Région, mat der Ënnerstëtzung vun der Europäescher Unioun) gëtt zesumme mat der Wallounie, der Stad Arel, Lëtzebuerg, souwéi de Gemenge Stengefort a Käerch gedroen.
Op der Lëtzebuerger Säit gëtt de Streckenofschnëtt Klengbetten–Stengefort vun der PC12 (5 250 Meter) neigemaach, fir d Vëlosfuerer e méi séchere Parcours ze bidden, mat direktem Zougang op d’Gare vu Klengbetten. Den neie Verlaf verbënnt Klengbetten, Hoen a Stengefort iwwer déi al Zuchlinn. Schutzmoossname fir d’Biodiversitéit si virgesinn, besonnesch fir déi Zonen ze schützen, wou Eidechse liewen an eng spezifesch Flora besteet.
Op der Belscher Säit fänken d’Aarbechten Enn 2026 un: d’Ëmgéigend vun der N4 tëschent Arel a Stengefort gëtt op ongeféier 6km an eng performant Vëlospist ëmgewandelt («cyclostrade»).
Den Ensembel vum Projet misst fir Ufank 2028 fäerdeg sinn.