Proxibus

D’Gemenge Garnech, Käerch a Stengefort hunn e Mobilitéitsservice opgestallt, mam Numm PROXIBUS.

De Minibus, deen Iech féiert zum Beispill:

  • op eng Plaz an de Gemenge Stengefort, Käerch oder Garnech;
  • op ee vun den ugefuerene Punkte baussent dëse Gemengen: Areler Gemengenhaus, Gare vun Arel, déi ganz Areler Strooss (route d'Arlon) bis bei de Rond-point «Motel» zu Capellen, de Parc d'activités vu Capellen, Capellener Gare, Tennis vun Capellen, Kënzeger Kierch, Club senior zu Kielen
  • op d’Gare vu Klengbetten, souwéi op d’Bushaltestelle vun all anere Buslinnen um Gebitt vun den 3 Gemengen.

Vu méindes bis freides, vu 7:00 bis 19:00 Auer, a samschdes, vun 9:00 bis 19:00 Auer.

Dëse Service ass gratis, zur Verfügung gestallt vun Ärer Gemeng Stengefort.

Reservéiert iwwer Telefon op d’mannst 24 Stonnen am Viraus, iwwer den 8002 72 00 (9:00 bis 19:00 Auer).

Merci, datt Dir follgend Informatiounen ugitt:

  • de Startpunkt an d’Startzäit, d’Zil, d’Zuel vu Persounen;
  • ob Dir eng Poussette oder e Rollstull transportéiere musst.
  • Den Transport vu Poussetten a Rollstill ass méiglech.
  • De PROXIBUS mécht kee Schoultransport.
  • Vergiesst och net Äre Retour ze reservéieren!