Repas sur roues

E waarmt Iessen heemgeliwwert

D’Gemenge vu Stengefort, Habscht, Käerch a Sëll, a Partnerschaft mam Hôpital Intercommunal de Steinfort (HIS) bidden d’Liwwerung vun engem waarmen Iesse bei Iech heem un.

Dëse Service ass fir all Persoun iwwer 60, oder all ofhängeg Persoun, déi sech hiert Iessen net mei selwer maache kann. Dëst ass eng Alternativ fir Persounen, déi doheem wunne bleiwe wëllen amplaz an en Altersheem ze goen.

D’Molzechte gi vum Personal vum HIS preparéiert a ginn all Dag vum Joer, Weekender a Feierdeeg abegraff, geliwwert, an dëst tëscht 11:00 an 13:00 Auer. Dir wielt fräi, wéi dacks Dir geliwwert wëllt ginn.

Adaptéiert Menüe ginn ugebueden am Fall vu besonnesche Bedierfnesser (Allergien, Schwieregkeete fir ze knaen oder ze schlécken, Diabeetesregimm oder ouni Salz). An dësem Fall muss e Certificat vum Dokter bei der Umeldung bäigeluecht ginn.

Umeldung

Dir kënnt Iech aschreiwen:

  • an der Receptioun vum HIS
  • iwwer Telefon um (+352) 39 94 91-1 
  • per E-mail, mam Umeldungsformulaire vum HIS
Umeldungsformulaire vum HIS
Méi dozou