- Kultur & Fräizäit
- Tourismus
- Steinfort Adventure
Steinfort Adventure
Kloterpark am Stengeforter Bësch
De Steinfort Adventure Kloterpark kombinéiert méi Aktivitéiten, fir flott Momenter an der Famill, eleng, oder mat Frënn, an engem Grupp, an engem natierleche Kader an der frëscher Loft.
Fir all déi, déi Nervekitzel an Adrenalinstéiss gär hunn, ass de Steinfort Adventure Kloterpark dat Richtegt!
De Steinfort Adventure Kloterpark proposéiert méi wéi 91 Statiounen, opgedeelt op 10 Parcourse mat ënnerschiddleche Schwieregkeetsgraden.
All Parcours ass zesummegesat aus Statiounen, déi an der Héicht hänken (Seelrutsch, Seelbréck, Hängebréck...). D’ Statioune gi mat Plattformen a mat integréierte Kabelen an der Luucht verbonnen, déi erlabe vu Plattform op Plattform ze kommen, an aller Sécherheet dank spezifeschen Ausrüstungen.
Et si sportlech a spilleresch Parcoursen, zougänglech fir jiddereen: Kanner an Erwuessener, sportlech oder net, eleng, an der Famill oder am Grupp.
Fir déi méi Kleng proposéiert Steinfort Adventure och de Parcours «Petit Loup» (klenge Wollef): ouni Klotergurt an no um Buedem, fräi zougänglech vun 2 Joer un.
D’Reservatioun ass aus Sécherheets- an organisatoresche Grënn obligatoresch.
Steinfort Adventure
Tel.: +352 27 39 53 00
vun dënschdes bis sonndes, vun 10:00 bis 18:00 Auer
E-mail : [email protected]
Rue du Schwarzenhof
L-8452 Steinfort
De Park ass méindes zou.