- Liewen zu Stengefort
- Chancëgläichheet
- Orange Week
Orange Week
Affer, Täter oder Zeien: Reagéiert!
Mir si fir Iech do.
Doheem, an enger Koppel, am Häerz vun enger Famill ass haislech Gewalt net ëmmer erkennbar. Se ka verschidde Formen unhuelen:
- Kierperlech Formen, heiansdo eendeiteg: Droungen, Beleidegungen, Schléi, Stéiss, Gerangel, Verletzungen, Stranguléierungen, Fräiheetsentzuch, Vergewaltegungen;
- Psychesch Formen, méi stëll: Erniddregungen, stänneg Kriticken, emotional Erpressungen, Belästegung, Aschüchterung, Ofwäertung, Beschëllegungen, Veruechtung, Entzéie vu Fräiheeten.
Jiddereen·t kann Affer vun haislecher Gewalt ginn, egal wéi säi soziaalt Ëmfeld, seng Kultur, seng Hierkonft, säi Geschlecht oder säin Ausbildungsniveau ass.
Déi gewalttäteg Persoun kann en·g aktuell·en oder fréier·e Partner·in sinn, oder e Member vun der Famill am gréissere Sënn. D’Gewalt ka reegelméisseg oder permanent, siichtbar oder net siichtbar sinn. An alle Fäll ass se inakzeptabel a verwerflech.
Wou kann ech Hëllef kréien?
Fir der Gewalt ze entkommen, eng Situatioun ze mellen oder eng Begleedung ze froen, ginn et e puer Léisungen:
- D’Berodungszentren – Hei kritt Dir streng vertraulech Gespréicher mat Spezialisten a Spezialistinnen, déi Iech nolauschteren a mat Iech no Léisunge sichen, fir Iech ze schützen.
- D’Police – Hei kritt Dir Informatiounen a Rotschléi. Dir kënnt och eng Plainte géint déi Persoun maachen, déi Iech bedrot, oder eng Prozedur ufroen, fir dës Persoun ze verflichten d’Wunneng wärend enger bestëmmter Zäit ze verloossen.
Dës Servicer sinn och op fir déi gewalttäteg Persounen, déi sech wëllen hëllefe loossen.
Nëtzlech Kontakter
Police am Fall vun dréngender Gefor
Tl. : 113, verfügbar 24/24St. a 7/7D..
Wann Dir net an aller Sécherheet telefonéiere kënnt, kënnt Dir eng SMS op den 113 schécke mat Ärem Numm, Ärer Adress an der Situatioun.
Fir am Noutfall
Centre National pour Victimes de Violences (CNVV) - am Fall vun Direkthëllef
Tel. : 2755 5315, verfügbar 24St/24 a 7D/7.
Adress: 3, Val Ste Croix, L-1371 Luxembourg (Arrêt Tram/Bus Stäreplaz – Étoile).
Den CNVV bitt e verständnisvollen Empfang an eng Prise en charge ambulatoire d’urgence fir all Affer, groussjäreg oder mannerjäreg, vun alle Forme vu Gewalt (kierperlech, sexuell, psychesch, …).
Gratis an direkt Assistenz
Violence.lu - Informatioun
Tel. : 2060 1060, verfügbar 24St/24 a 7D/7,
Anonym a gratis Telefonslinn, fir all Persoun, déi vun haislecher Gewalt betraff ass (Affer, Täter oder Zeien).
Nolauschteren an Orientatioun
https://violence.lu/