LEADER Zentrum Westen

Nëmme 15 km vun der Stad Lëtzebuerg ewech, fänkt d’Regioun LEADER Zentrum Westen un. Mat sengen idylleschen Dierfer, no bei animéierte Stadzentren huet d’Regioun hiren eenzegaartege ländleche Charakter behale kënnen.

Entdeckt d’Regioun Zentrum Westen an hire räiche kulturelle Patrimoine: prehistoresch Festungen, Spueren aus der réimescher Epoch, mëttelalterlech Schlässer a bemierkenswäert industriell Monumenter. Profitéiert vun engem aussergewéinlechen natierleche Kader, mat laange Spadséierweeër duerch d’Däll vun der Mamer an der Äisch, oder verbréngt gutt Momenter op de villen organiséierte Manifestatiounen an der Regioun.

D’Regioun LEADER Zentrum Westen gouf aus der Unioun vun néng Gemengen aus dem Weste vu Lëtzebuerg gebuer: Biissen, Garnech, Habscht, Helperknapp, Kielen, Käerch, Mamer, Miersch a Stengefort.

Zesumme schaffen dës Gemengen un der touristescher, sozialer a kultureller Entwécklung vun der Regioun. Si ginn heibäi vum europäesche Programm LEADER ënnerstëtzt.

Stengefort dréit hei voll a ganz bei dës regional Dynamik bäi, virun allem duerch d’Opwäertung vu sengem Industrieierwen: dat fréiert Stolwierk «Al Schmelz», haut an e Kulturzenter ëmgewandelt, weist am beschten dee Räichtum vun industrielle Monumenter, déi an der Regioun Zentrum Westen ervirgehuewe ginn.

Ënner de Projeten, déi vun der Regioun LEADER gedroe ginn, beweist déi Regional Energie Cooperative gutt, wéi d’Zesummenaarbecht tëscht de Bierger·innen an de Partnergemenge funktionéiert. An Zesummenaarbecht mat der Gemeng vu Stengefort installéiert d’Kooperativ Solarpanneauen um Daach vun der neier Schwämm zu Stengefort — e konkreet Beispill vun der Produktioun vun nohalteger Energie, gedroe vun an duerch d’Bierger·inne vun der Regioun.