- Liewen zu Stengefort
- Infrastrukturen
- Centre culturel
Centre culturel
D’Gemeng Stengefort baut um Site «An de Keeseminnen» en neien, modernen a funktionale Kulturzenter, deen an den nächste Joerzéngte grouss Evenementer stemme kann.
Den neie Kulturzenter gëtt vis-à-vis vum Kulturzenter Al Schmelz gebaut. Seng Architektur an déi benotze Materialien hunn sech un der Stolwierkgeschicht vu Stengefort inspiréiert: d’Gebai besteet aus perforéiertem Cortenstol, engem Stol, deen un déi industriell Vergaangenheet vum Site erënnert.
- En Haaptsall vu 600 m², dee 500 Leit empfänke kann, mat enger Plaffongshéicht vun 8 Meter an enger Bün, déi an der Héicht verstellbar ass;
- Eng Entrée vun 325 m² mat enger Billetterie an engem Vestiaire, wou och an Zukunft Ausstellunge stattfanne kënnen;
- Eng Kichen, fir de Visiteuren z’iessen an ze drénken unzebidden.
D’Gebai gouf esou designed fir polyvalent ze sinn a fir sech de verschiddenen Zorte Manifestatiounen upassen ze kënnen.
De Gemengerot hat e Gesamtbudget vu 14,7 Milliounen Euro fir dëse Projet gestëmmt. Dës Investitioun erlaabt eise Veräiner déi nächst Joerzéngten op e modernen a funktionale Kulturzenter zielen ze kënnen, dee méi grouss Evenementer empfänke kann.
Bis d’Aarbechten ofgeschloss sinn, empfänke mir weiderhin d‘Manifestatioune vun der Gemeng am provisoresche Kulturzenter «An de Keeseminnen».