- Liewen zu Stengefort
- Ëmwelt
- Klima-Agence
Klima-Agence
D’Klima-Agence ass déi Lëtzebuerger Struktur fir Informatioun a Berodung an de Beräicher Energieeffizienz an erneierbar Energiequellen. D’Klima-Agence gëtt vum Wirtschaftsministère, vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit a vum Ministère fir Wunnengsbau a Landesplanung ënnerstëtzt an dréit mat sengen Aktivitéiten zur Verbesserung vun der Versuergungssécherheet an dem Ëmweltschutz bäi.
Et existéiert e regionale Berodungsbüro fir Energie, dee vun der Klima-Agence geréiert gëtt, a Partnerschaft mat de Gemenge Garnech, Kielen, Simmer a Stengefort.
D’Haaptzil vun dëser Zesummenaarbecht ass et d’Awunner·innen ze sensibiliséieren an hinnen ze hëllefen hiren Energieverbrauch an hire Wunnengen ze limitéieren, fir Méiglechkeeten ze entdecken, déi hinnen erneierbar Energië bidden an Informatiounen iwwer nohaltegt Bauen ze kréien.
D’Infopunkte vun der Klima-Agence organiséieren engersäits Aktioune fir ze sensibiliséieren an ze informéieren a proposéieren anerersäits individualiséiert Berodung fir d’Bierger·innen.
Dëse Service gëtt vun der Klima-Agence mat den deelhuelende Gemenge finanzéiert.
- Basisberodung fir CO2-neutral a gratis Energien
- Garantie vun enger harmoniséierter Berodung betreffend Inhalt a Qualitéit
- Detailléiert Informatiounen iwwer: energeetesch Renovatioun, Passivhaiser, Erspuernesser vun Energie am Alldag, erneierbar Energien, finanziell Hëllef, Energie-Pass …
- Zousätzlech Servicer: thematesch Owenter, Ausstellungen, Locatioun vun Energiemeteren, Energiedeeg an Energietouren, Programm fir Jonker, «Infotipps» Artikelen an de Gemengebueten
D’Berodungsseancë sinn op Rendez-vous.
Rufft d’Klima-Agence Hotline (8002 11 90) un a maacht e Rendez-vous fir eng personaliséiert Berodung aus!
D'Berodung ass gratis fir d’Awunner·innen.
D’Gemenge Garnech, Kielen, Simmer, Stengefort an d’Klima-Agence iwwerhuelen d’Käschten dovun.