- Administratioun
- Administrativ Demarchen
- Carte d'invalidité
Carte d'invalidité
Ofhängeg vun Ärem Behënnerungsgrad kënne Persoune mat ageschränkter Mobilitéit oder mat enger Behënnerung eng Prioritéits- an/oder eng Invaliditéitskaart ufroen.
D'Prioritéit- a/oder Behënnertenkaart gëtt erausginn u Persounen:
- déi eng Behënnerung (permanent oder temporär) vu mindestens 30 Prozent hunn;
- déi a Lëtzebuerg wunnen oder déi reegelméisseg a Lëtzebuerg schaffen (Frontalier).
Gratis
Types de cartes
Se gëtt Leit mat enger Gee-Behënnerung ausgestallt, där hir Invaliditéit — och wann ënner 50% — schwéier Problemer beim goen oder stoe verursaacht. Se berechtegt:
- Prioritéit beim Duerchgang oder bei der Déngschtleeschtung;
- eng garantéiert Sëtzplaz.
Se gëtt Persounen ausgestallt mat engem kierperlechen Invaliditéitsgrad tëschent 30 an 49%. Se kann zesumme mat der Prioritéitskaart ausgestallt ginn: an deem Fall profitéiert Dir och vun de Prioritéitsrechter an der garantéierter Sëtzplaz.
Déi gëtt u Persounen erausginn, déi eng kierperlech Behënnerung vu 50 Prozent oder méi hunn. Se berechtegt de Besëtzer op prioritären Zougang oder Service, souwéi op eng garantéiert Sëtzplaz.
Se gëtt Persounen ausgestallt, där hire kierperlechen a psycheschen Zoustand et net erlaabt, datt si sech ouni Begleedung vun enger drëtter Persoun deplacéieren. D’Rechter an d’Prioritéite vun der Kaart B deenen sech och op d’Begleetpersoun aus.
Fir eng Behënnertenkaart ze kréien, musst Dir Är Ufro mam Formulaire un de Service des cartes d’invalidité am Inneministère schécken.
- 2 Exemplairen vum Umeldungsformular;
- 2 rezent Fotoen vun 3 x 4 cm, mat de folgenden Informatiounen vum zukünftege Kaartinhaber op der Récksäit geschriwwen: Familjenumm;
Virnumm; Gebuertsdatum; - e gëltegt Identitéitsdokument;
- e Certificat de travail vun ärem Employeur, wann Dir Frontalier sidd, deen a Lëtzebuerg beschäftegt ass.