Autorisation parentale

Mannerjäreg Kanner, déi ouni hir Elteren an d’Ausland fueren, kréien heiansdo vun hirer Schoul, hirem Sportsclub, asw… eng Autorisation parentale gefrot.

Dëst Dokument ka vum Biergerzenter vun der Gemeng ausgestallt ginn.

D’Persoun, déi d’Suergerecht huet (Papp, Mamm oder Tuteur) presentéiert sech um Biergerzenter andeem se follgend Informatioune matbréngt:

  • Datum vun der Ausrees an Datum vun der Arees vum Kand;
  • Zil vum Kand (Land);
  • Numm vum/vun der Begleeder·in (muss groussjäreg sinn).

Et muss ee vun den Elteren sech am Biergerzenter presentéieren, well seng Ënnerschrëft legaliséiert muss ginn.

D’Eltere kënnen och selwer esou en Dokument ausstellen an de Biergerzenter beglaubegt d’Ënnerschrëft. D’Kand muss dës Geneemegung bei sech droen a se op Ufro virweise kënnen, zesumme mat senger Identitéitskaart.

Kontakt

Yves Thill

Biergerzenter, chef de service

Melanie Francisco Da Cruz

Biergerzenter