Uertschaften vun der Gemeng

D’Gemeng vu Stengefort regruppéiert véier Dierfer a jiddereent dovun huet säin eegene Charakter: Stengefort, Hoen, Klengbetten a Grass.

Stengefort

Stengefort krut säin Numm héchstwarscheinlech vun engem fréiere Schotterpad (e Foussgängeriwwergang, fir duerch e flaache Floss op déi aner Säit ze kommen), op der Äisch. D’Gemeng huet eng ganz räich Geschicht, markéiert vun de kelteschen a réimeschen Epochen, an duerno vum industriellen Opschwong am 19. Joerhonnert.

Vu 1734 an 1828 gëtt eng Poststatioun (eng Plaz, wou d’Päerd vun de Päerdskutsche gewiesselt konnte ginn) no bei der Bréck iwwer d’Äisch installéiert, op der Streck Bréissel - Tréier.

Am 19. Joerhonnert erlieft Stengefort e richtegen industriellen Opschwong, dee gedroe gouf duerch:

  • d’Erëffnung vun der Eisebunnslinn Lëtzebuerg-Bréissel (1859),
  • d’Erëffnung vun der Linn Péiteng–Stengefort–Ettelbréck (1873/1874),
  • de Bau vun enger Schmelz (1846), déi bis 1932 aktiv war.

Hoen

Ëmgi vu Wisen, Felder a Bëscher konnt Hoen säi ländleche Charakter bäibehalen. D’Duerf huet sech och déi lescht Jore moderniséiert, dank dem Bau vu villen neie Lotissementer.

Hoen regruppéiert sech ronderëm seng Kierch, déi 1871 gebaut gouf, an déi al Grafsteng a senger Fassad konservéiert huet.

D’Duerf huet Zougang zum Vëloswee.

Klengbetten

Am Joer 1859 hat Klengbetten nëmmen 100 Awunner·innen. De Bau vun der Eisebunnslinn Bréissel-Lëtzebuerg huet d’Duerf an eng floréierend Uertschaft verwandelt.

Haut bezeie seng gefleegt ëffentlech Gebaier, seng privat Haiser an déi modern Infrastrukture vun der Vitalitéit an der Gesellegkeet vum Duerf. Klengbetten huet och e puer gutt Restauranten.

D’Duerf huet Zougang op d’Vëlospist an touristesch Spadséierweeër.

Grass

Grass ass e ländlecht Dierfchen um Bord vun der Äisch. Eng Vëlospist verbënnt d’Duerf mat Stengefort a mat Péiteng.

Grass huet och d’Zone d'Activités économiques régionale (ZARO), déi fir d’Handwierksbetriber bestëmmt ass. Dëse Site, geréiert vum Zweckverband, deen d’Gemenge Garnech, Habscht, Kielen, Käerch, Mamer a Stengefort matenee verbënnt, bitt eng Fläch vu 17,37 Hektar fir d’Betriber. De Site huet e strateegesche Standuert, no bei der Gare vu Klengbetten.