- Liewen zu Stengefort
- Chancëgläichheet
- Ausstellung «Derrière les chiffres»
Ausstellung «Derrière les chiffres»
Fir den Internationale Fraendag am Mäerz 2021 hat d’Gemeng eng Ausstellung mam Titel «Derrière les chiffres», an der Villa Collart zu Stengefort organiséiert. Dës Ausstellung gouf an Zesummenaarbecht mat der Commission sociale et d'égalité des chances, souwéi mam Foyer Sichem Fondation Maison de la Porte Ouverte organiséiert.
Mir ware ganz houfreg déi éischt Gemeng gewiescht ze sinn, déi dës Ausstellung empfaangen huet.
D'Ausstellung
An Zesummenaarbecht mam Kollektiv «Nous Toutes Lyon», huet d’Illustratorin Fanny Vella eng Serie schwaarz-wäiss Portraite vu Frae realiséiert, all Affer vu Feminiciden. Dës Serie heescht «Derrière les chiffres» (Hannert den Zuelen).
Duerch dës Portraite wëll d’Fanny Vella drun erënneren, datt hannert all Zuel eng Fra, e Meedchen, eng Frëndin stécht, — eng Persoun, déi e Liewen hat. Am Text, deen hir Aarbecht begleet, insistéiert si, datt d’Fraen, déi Affer vun haislecher Gewalt ginn, sech net op Statistike reduzéiere loossen: et si lieweg Fraen, mat hirer Perséinlechkeet, hire Gewunnechten, hire Qualitéiten an hire Feeler, a si hannerloossen en immenst Lach hanneru sech. Dës Ausstellung ass en Hommage un all dës Fraen.
Dir hutt d’Ausstellung verpasst? Kuckt d’Fotoen hei.
Fanny Vella
D’Fanny Vella ass eng Schrëftstellerin an Illustratorin vu Lyon. Si deelt hir Biller op de sozialen Netzwierker (Facebook, Instagram), dacks mat e bëssen Humor, iwwer Theeme wéi Bezéiung, Eltere sinn, Schwangerschaft, oder d’Erzéiung vu Kanner.
D’Fanny Vella moolt och fir aner Uläss. Hir Illustratioune sinn engagéiert a si beréieren, besonnesch wann et ëm d’Theema haislech Gewalt geet.
Parallel hëlt si u ville Schreif- an Illustratiounsprojeten deel. Si huet zum Beispill d’Bicher «Le seuil» an «Et si on changeait d'angle» geschriwwen.