- Liewen zu Stengefort
- D'Gemeng engagéiert sech
- Klimapakt
Klimapakt
Stengefort engagéiert sech fir d’Klima
Zënter méi wéi 20 Joer setzt sech déi Lëtzebuerger Regierung ambitiéis Ziler betreffend de Klimaschutz.
- d’Zäregasen ëm 55% ze reduzéieren;
- reduzéiere vum Energiebedarf ëm 40 %;
- en Deel vun 23 % un erneierbaren Energien ze erreechen.
D’Gemenge spillen eng wesentlech Roll, fir dës Ziler op lokaler Säit ze erreechen. Dofir huet d’Regierung de Klimapakt opgestallt, e Mëttel, deen si an hirer Klimapolitik ënnerstëtzt: den Energieverbrauch an d’Zäregasemissioune reduzéieren, andeem d’Investitiounen, déi wirtschaftlech Aktivitéit an d’Aarbecht gefërdert ginn.
All deelhuelend Gemeng ënnerschreift eng Konventioun mam Staat. Se engagéiert sech da fir den European Energy Award® (EEA) ze kréien, an e System fir den energeetesche Kommunalbilan ëmzesetzen. Dogéint garantéiert de Staat wärend deem ganze Prozess eng finanziell an technesch Ënnerstëtzung.
D'EEA proposéiert e Katalog vu 64 Moossnamen, opgedeelt a 6 Kategorien:
- Plange vun der territorialer Entwécklung
- Gemengegebaier
- Beschafen a Gestioun vun de Ressourcen
- Mobilitéit
- Intern Organisatioun
- Kommunikatioun an Zesummenaarbecht
Dëse Katalog hëlleft de Gemengen hir Schrëtt ze strukturéieren. D’Zertifizéierung EEA hänkt vum Engagementstaux vun der Gemeng géintiwwer dëse Moossnamen of, mat véier méiglechen Niveauen: 40 %, 50 %, 65 % oder 75 %.
D’Gemeng Stengefort huet en Zertifizéierungsniveau vun 53,9 % erreecht. Se gëtt vu verschiddene Partneren a vun der Klimapakt Ekipp begleet, zesummegesat aus Bierger·innen, politesche Vertrieder·innen a Gemengeservicer, fir d’Engagement héich ze hale vis-à-vis vun den nationale Klimaziler.