Gemengepakt

Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen

Zënter 2021 huet de Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil e Pilotprojet lancéiert, de «Pakt vum Zesummeliewen» (PvZ). Mam Gesetz vum 23. August 2023 betreffend dat interkulturellt Zesummeliewe gouf de «Gemengepakt» verstäerkt, andeem en eng gesetzlech Basis krut.

Mam Ënnerschreiwe vum «Gemengepakt» hunn d’Gemeng, de SYVICOL an de Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil e Pilotprojet sech fir eng enk Zesummenaarbecht verflicht. Dëse Prozess, virgesinn op sechs Joer, leet de Schwéierpunkt op:

  • den Zougang zu Informatiounen,
  • d’Deelhuele vun alle Persounen, déi an der Gemeng wunnen oder schaffen,
  • de Kampf géint de Rassismus an all Form vun Diskriminéierung.

Wéi funktionéiert de «Gemengepakt»?

De «Gemengepakt» gëtt an themateschen Zyklen organiséiert. All Zyklus huet fënnef Etappen:

  • dat politescht Engagement
  • Bestandsopnam
  • Biergeratelieren, fir konkreet Aktiounen auszeschaffen
  • d’Opstelle vu konkreeten Aktiounen
  • d’Bewäertung vun der ausgefouerter Aarbecht

D’Gemeng vu Stengefort huet de Pilotprojet «Pakt vum Zesummeliewen» de 17. Mäerz 2022 an de «Gemengepakt» de 26. Mäerz 2024 ënnerschriwwen.