SICONA
D’Naturschutzsyndikat SICONA schafft an Zesummenaarbecht mat senge Gemengememberen, fir géint de Verfall vun der Biodiversitéit ze kämpfen. Seng Aarbecht konzentréiert sech op Naturschutzmoossnamen an de Waasserleef, den oppene Milieuen an de stätteschen Zonen, souwéi och op d’Sensibiliséierung.
Dank dem SICONA ginn et haut nees méi Hecken, Beem, Bongerten, Dëmpelen, souwéi Wisen a Felder voller verschiddener Aarten.
De Gemengerot huet de Bäitrëtt vun der Gemeng Stengefort am SICONA-Zentrum am Joer 2018 decidéiert. All Joer investéiert d’Gemeng en Deel vu sengem Budget an den Entretien vun de Landschaften an an den Naturschutz.