Mirador

Eng Plaz gefëllt mat Geschicht

De Centre Mirador gouf den 11. Juli 2008 ageweit. Et ass dat lescht Gebai vun der fréierer Schmelz vu Stengefort, dat restauréiert gouf.

Fréier war de Mirador d’Luedplattform fir den Héichuewen, bei Stengefort. E gouf am Joer 2004 renovéiert.

De Centre Mirador ass haut eng Ulafstell fir Natur a Bësch, geréiert vun der Administration de la Nature et des Forêts (ANF). En ass den ideale Startpunkt fir e Site vun 140 Hektar ze entdecken, 140 Hektar Natur an all hirer Schéinheet.

Eng Ekipp vun erfuerene Guidë féiere Visiteuren duerch thematesch Ausflich, fir d’Natur a seng Ressourcen ze entdecken oder erëm ze entdecken. Pedagogesch Aktivitéite gi fir Schoulklassen ugebueden, souwéi e spezielle Programm fir Seniorgruppen. Et kann een och säi Programm selwer à la carte zesummesetzen.

Eng Reservatioun bei der Animatiounsekipp gëtt ugeroden.

Detailléiert Programmer ginn et fir d’Grondschoul, de Lycée, an och fir Gruppen (Offeren à la carte).

Um südleche Bord vun der Äisch ass d’Naturreserv Schwaarzenhaff/Jongebësch a si bitt eng grouss Villfalt u Landschaften: fréier Steekaulen a Sandkaulen tëschent Stengefort an Äischen, Alluvialbëscher, Bichebëscher, fiicht Wisen an hallefnatierlech Dréchewisen.

Dëse Räichtum un natierleche Liewensraim mécht aus der Reserv e Bestanddeel vun der Zone Natura 2000 Vallée de la Mamer et de l'Eisch.

Fir d’Reserv ze entdecke gëtt et e Spadséierwee vun 13 km, gutt markéiert, deen op 19 Sitte mat verschiddenen Theme féiert, mat zwou Méiglechkeete fir de Parcours ofzekierzen.

Eng detailléiert Broschür op franséisch an op däitsch ass an der Receptioun vum Mirador verfügbar.

  • Gemengeverwaltung vu Stengefort
  • Syndicat d'Initiative vu Stengefort
  • Leader Bureau Tënten
  • Maison du Tourisme du Pays d'Arlon

Centre d'accueil nature et forêt Mirador

1, rue Collart
L-8414 Steinfort
Tel. : (00352) 247-56541
E-mail : [email protected]
Ëffnungszäiten: vun 8:00 bis 12:00 Auer a vun 13:00 bis 17:00 Auer

Méi dozou