HIS - Hôpital Intercommunal

Den Hôpital Intercommunal de Steinfort (HIS) ass een Etablissement dee vun engem Gemengesyndikat gefouert gëtt an dee véier Departementer regruppéiert:

  • Geriatresch Reeducatioun (stationär): funktionell Reha fir Persoune iwwer 65 Joer, déi en Accident haten, dat hir Autonomie aschränkt
  • Dagesklinick (ambulant): zënter 2010 gëtt hei Reha ugebuede vun enger interdisziplinärer Ekipp (Kinesitherapeuten, Ergotherapeuten, Neuropsychologen, Orthophonisten, Infirmier·ère·n, Diätberoder·innen)
  • Beherbergungsstruktur fir eeler Leit: professionell interdisziplinär Betreiung fir 52 Persounen, déi fleegebedierfteg sinn, mat oder ouni kognitiven Defiziten, Dag an Nuecht
  • Dagesfoyer fir eeler Leit, de Centre de Jour pour Personnes Âgées: Betreiung daagsiwwer, an engem frëndleche Kader, fir eeler Leit, déi weider doheem wunne bleiwe wëllen, obwuel se kierperlech an/oder kognitiv fleegebedierfteg sinn

Den HIS proposéiert och Servicer fir d’Bevëlkerung: e Centre médical an thérapeutique (Allgemengmedezin, Kinesitherapie, Osteopathie, Diätetik, Orthophonie) an e Service fir Iessen op Rieder.

Eng Geschicht, déi an d’1950er Joren zeréckgeet

Nom Krich louch d’Schlass vun der Famill Collart a Ruinen. Den Demy Steichen, Buergermeeschter vu Stengefort, decidéiert mam Dr. Audry e Spidol do z’installéieren, fir déi medezinesch Fleeg an der Regioun ze verbesseren. E Gemengesyndikat gouf gegrënnt tëscht de Gemenge Stengefort, Habscht, Käerch, Garnech a Sëll. D’Spidol gouf am November 1957 ageweit mat 57 Better, engem Operatiounssall, engem Rëntgeservice an engem Laboratoire fir Analysen.

An den 1990-er Jore gouf d’Zuel vun den Akutbetter op 30 reduzéiert, an dofir goufen 52 Better fir méi laang Openthalter opgebaut.

Medezinesch Consultatiounen vum CHL zu Stengefort

Am Kader vun der Dezentraliséierung vun der spezialiséierter Medezin bitt de Centre Hospitalier de Luxembourg (CHL) medezinesch Consultatiounen an de Raimlechkeete vum HIS un.

D’Awunner·inne vu Stengefort an an der Ëmgéigend kënnen esou vun de Consultatioune mat ville Spezialiste profitéieren (Angiologie, pediatresch a vaskulär Chirurgie, Dermatologie, Endokrinologie, Gastro-Enterologie, Gynekologie-obstetrique, Hematologie-Onkologie, Orthopedie, Pediatrie, Pneumologie, Urologie...), ouni sech musse bis an den CHL ze deplacéieren. Déi ugebuede Spezialitéite kënne mat de Bedierfnesser vun der Bevëlkerung wuessen.

Rendez-vous huelen

  • iwwer Telefon (vun 8:00 bis 12:00 Auer): +352 4411-4450
  • per E-Mail: [email protected]
  • online, um Site vum CHL
Praxiszentren Steinfort

Merci, datt Dir Är Ufroen a medezinesch Dokumenter direkt un den HIS schéckt, op d’Adress [email protected], an net un d’Stengeforter Gemengeverwaltung.

Kontakt

Tel.: +352 39 94 91-1
E-Mail: [email protected]
1, rue de l’Hôpital
L-8423 Stengefort
www.his.lu