Schwaarzenhaff

D’Naturreservat Schwaarzenhaff

D’Naturreserv «Schwaarzenhaff/Jongebësch» ass eng vun de leschten Zufluchtsplaze fir d’Kräizmouk (crapaud calamite) an de Crapaud accoucheur (Geburtshelferkröte).

Um südleche Bord vun der Äisch ass d’Naturreserv «Schwaarzenhaff/Jongebësch» a si bitt eng grouss Villfalt u Landschaften: fréier Steekaulen a Sandkaulen tëschent Stengefort an Äischen, Alluvialbëscher, Bichebëscher, fiicht Wisen an hallefnatierlech Dréchewisen.

Dëse Räichtum un natierleche Liewensraim mécht aus der Reserv e Bestanddeel vun der Zone Natura 2000 «Vallée de la Mamer et de l'Eisch».

D’Reservat entdecken

Fir d’Reservat ze entdecke gëtt et e Spadséierwee vun 13 km, gutt markéiert, deen op 19 Sitte mat verschiddenen Theme féiert, mat zwou Méiglechkeete fir de Parcours ofzekierzen.

Eng detailléiert Broschür op franséisch an op däitsch ass am Centre Mirador verfügbar.