- Administratioun
- Administrativ Demarchen
- Stierfffall mellen
Stierfffall mellen
E Stierffall mellen
De Stierffall vun enger Persoun muss op der Gemeng deklaréiert ginn (am Biergerzenter) vun der Gemeng, wou de Stierffall stattfonnt huet.
Nom Stierffall stellt den Dokter eng Attestatioun, déi Doudeschäi genannt gëtt (Déclaration de décès), aus, déi d’Ursaach vum Doud ugëtt (zum Beispill «natierlechen Doud» oder «net verdächtege gewaltsamen Doud»).
- d'Attest vum Dokter, déi den Doud zertifizéiert;
- d’Familljebuch vum Verstuerwenen oder all d’Identitéitsdokumenter an Dokumenter, déi d’Persoun betreffen (Gebuertsschäin, Acte de Mariage, Identitéitsdokumenter);
- e «Certificat de mise en bière», wann de Verstuerwenen an enger anerer Gemeng bäigesat gëtt.
- de «Certificat de mise en bière», souwéi de Certificat vum Dokter, deen ugëtt, datt et keen Indice a keen Hiweis op e gewaltsamen Doud gëtt;
- de Certificat vum Dokter, deen attestéiert, datt de Verstuerwene keen Herzschrittmacher hat («Pacemaker»).
Am Fall vun enger Krematioun kritt Dir d’Autorisatioun vum/vun der Beamte·in vum Biergerzenter vum Stierfstanduert, op Basis vun engem Dokument, dat de Wëlle vum/vun der Verstuerwenen·er ausdréckt, ageäschert ze ginn, oder, soss op Demande vun engem Member vun der Famill oder enger anerer Persoun, déi berechtegt ass d’Begriefnes ze organiséieren.
Dir kritt Extraite vun dësem Akt, souwéi eng Transport- a Bestattungsgeneemegung fir de Verstuerwenen:
- déi eng ass d’Autorisatioun fir d’Bestattungsfirma, déi de Verstuerwenen an d’Morgue vun der Bestattungsplaz oder an de Krematorium am Fall vun enger Krematioun féiere kann;
- déi aner ass fir d’Gemeng vum Begriefnes.
Fir all weider Froen iwwer de Stierffall vun engem Familljemember — d’Organisatioun vum Begriefnes oder d’Krematioun, d’Testament an de leschte Wëllen, Prestatioune fir déi Iwwerliewend, finanziell oder steierlech Froen... — kuckt op www.guichet.lu.
De regionale Bëschkierfecht vun Ollem, eng alternativ Plaz fir déi lescht Rou
Fir besser op de leschte Wonsch vun hire Bierger·inne reagéieren ze kënnen, hunn d’Gemenge vun Habscht, Kielen, Käerch, Koplescht, Mamer, Simmer a Stengefort e regionale Bëschkierfecht matzen am Bësch vun Ollem ageriicht.
De Bëschkierfecht geet iwwer 4,5 Hektar. Eng éischt Parzell zielt 21 Beem.
Eng Virbedéngung gëllt: d’Verbrennungvun de stierflechen Iwwerreschter. Um regionale Bëschkierfecht kabäigesat ginn:
- de Verstuerwenen,dee säi leschte Wunnsëtz an enger vun de Membergemengen hat (Habscht, Kielen, Käerch,Koplescht, Mamer, Simmer, Stengefort);
- de Verstuerwenen, deen um Territoire vunenger vun de Membergemenge verstuerwen ass;
- de Verstuerwenen,deen d’Recht op eng Bäisetzung an enger accordéierter Concessioun op engem vunde Kierfechter vun de Membergemengen huet.
Wärend der Trauerfeier ginn d’Äsche vum Verstuerwenen bei de Wuerzele vun engem Bam deposéiert an esou der Äerd zeréckginn. All Bam huet eng Nummer, déi d’Plaz ugëtt an e ka bis zu 10 Bäisetzungen ophuelen.
Eng Gedenktafel weist all d’Nimm, Virnimm, Gebuerts- a Stierfdatumen, souwéi d’Plaz vun de bäigesate Persounen. Dës Beschrëftung gëtt op Ufro gemaach.
Et ass och méiglech, d’Äschen op enger Lichtung um Bëschkierfecht, déi heifir virgesinn ass, zeverstreeën.
No der Krematioun transportéiert d’Bestattungsfirma d’Urn bis op de Bëschkierfecht. D’Servicer vun der Gemeng Kielen këmmeren sech duerno ëm den Depot vun den Äsche beim ausgewielte Bam oder op der Lichtung.
De regionale Bëschkierfecht verfüügt och iwwer en hëlzene Pavillon, wou eng zivil Zeremonieofgehale ka ginn.
De Bëschkierfecht ass eng Plaz an der Natur, wou déi saisonal Verännerungen eng natierlech Dekoratioun bidden. Andeem Dir dës Form vu Bäisetzung wielt, wielt Dir automatesch eng natierlech Bestattung, ouni individuell Dekoratioun.
Déi ausgewielte Beem si virun allem Bichen an Eeche vun ongeféier 140 Joer, ausgesicht wéinst hirer gudder Gesondheet an ouni siichtbare Schied. Wann e Bam duerch en Donnerwieder oder e Blëtz beschiedegt sollt ginn, muss dat als natierlecht Ereegnis ugesi ginn.
Fir méi iwwer de regionale Bëschkierfecht gewuer zeginn
Biergerzenter vun der Gemeng Kielen
E-mail: [email protected]
Tel.: (+352) 30 91 91 205
Fir méi iwwer de regionale Bëschkierfecht gewuer zeginn
Biergerzenter vun der Gemeng Kielen
E-mail: [email protected]
Tel.: (+352) 30 91 91 205
Urgence am Fall vun engem Stierffall
Permanence fir Stierffäll, nëmme samschdes vun 10:00 bis 12:00 Auer
Tel.: (+352) 39 93 13 554