- Liewen zu Stengefort
- Kanner & Jugendlecher
- Chèque-Service Accueil
Chèque-Service Accueil
De Chèque-Service Accueil (CSA) ass den 1. Mäerz 2009 a Kraaft getrueden. E gëtt vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil mat de Gemengen erstallt.
En adresséiert sech u Kanner ënner 13 Joer, oder déi nach an der Grondschoul sinn, an déi zu Lëtzebuerg wunnen.
Den CSA ass keng Zoulag a Boergeld, mee eng Saachleeschtung: reduzéiert Tariffer fir d’Betreiung vun de Kanner (Crèche, Maison Relais, asw.), ofhängeg vun de verfügbare Plazen.
De Betrag, dee vum Staat iwwerholl gëtt, souwéi déi finanziell Bedeelegung vun den Elteren, gi vu Fall zu Fall berechent, opgrond:
- vum Haushaltsakommes,
- vun der Zuel vun de Kanner am Haushalt, déi Familljenzoulage kréien,
- d’Zuel vun de Stonnen, déi d’Kand Betreiung kritt.
Äert Kand ka vum CSA profitéieren, wann et follgend Bedéngungen erfëllt:
- et wunnt an enger lëtzebuergescher Gemeng (oder een Elterendeel schafft do an ass e/eng Bierger·in vun der Europäescher Unioun);
- et ass manner wéi 13 Joer al, an/oder ass nach an der Grondschoul.
Zënter September 2016 kënnen d’Leit, déi net am Land wunnen, och den CSA ufroen. Fir méi gewuer ze ginn, kontaktéiert d’«Zukunftskeess».
D’Kanner, déi dem Aarmutsrisiko oder dem sozialen Ausschloss ausgesat sinn, si prioritär fir den CSA ze kréien. An dësem Fall mellt Iech beim Office social vu Stengefort.
Fir d’Kanner tëscht 1 a 4 Joer, déi nach net an d'Schoul ginn
Zënter Oktober 2017 gëtt et an de Crèchen an de Mini-crèchen, déi den CSA ubidden, e méisproochegen Educatiounsprogramm: d’Kanner familiariséieren sech fréi mat der lëtzebuergescher an der franséischer Sprooch.
D’Kanner tëscht 1 a 4 Joer, déi an eng Crèche oder Mini-crèche ginn, profitéiere vun 20 gratis Stonnen d’Woch, wärend 46 Wochen d’Joer, egal wéi d’Akommes vun den Elteren ass. (E Kand, dat Vollzäit am Precoce ageschriwwen ass, huet keen Urecht op dës gratis Stonnen; wann et net Vollzäit ageschriwwen ass, huet et Recht op 10 gratis Stonnen d’Woch.)
Fir Kanner, déi schoulflichteg sinn
Wärend der Schoulzäit ass d’Betreiung gratis vu méindes bis freides vu 7:00 bis 19:00 Auer, souwéi en Deel vun den Haaptmolzechten, egal a wéi enger Struktur (Maison Relais, Dagesfoyer, Dagesmamm...).
Haaptsächlech:
- d’Maisons relaise fir Kanner,
- d’Crèchen, Dagesfoyeren a Garderien,
- Privatcrèchen a Firmecrèchen,
- Internater, déi Kanner betreien, déi nach an der Grondschoul sinn.
Ergänzend:
- d’Dagesmammen,
- d’Kolonien an d’Vakanzenaktivitéiten.
Fir datt Äert Kand vum CSA profitéiert, musst Dir Iech hei umellen:
Maison Relais Steinfort
7b, rue de Hagen
L-8421 Steinfort
D’Umeldung ass gratis. Se hält Iech net dovun of, Äert Kand an där Betreiungsstruktur unzemellen, déi Dir wielt: d’Aschreiwungsprozedur bleift déi selwecht an d’Opnam verleeft no de verfügbare Plazen.
- d’Matricule vum Kand a vun den Elteren;
- wann Dir eng Steiererklärung maacht: Äre leschte Steierbescheed;
- wann Dir keng maacht: Är lescht 3 Paiziedelen, souwéi e Certificat, deen ugëtt, datt Dir keng Steiererklärung maache musst (verfügbar um Steierbüro vu Capellen).
- Site internet : www.cheque-service.lu
- Maison Relais de Steinfort : Tel. (+352) 399313-370 / e-mail : [email protected]
- Helpdesk chèque-service (Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend) : Tel. (+352) 80 02 11 12 / E-mail : [email protected]
- Dënschdeg, Mëttwoch an Donneschdeg, vun 9:30 bis 11:30 Auer.
- Wärend de Schoulvakanzen: op Rendez-vous.
- Zou tëscht Chrëschtdag a Silvester, souwéi déi éischt zwou Wochen am August.