- Administratioun
- Administrativ Demarchen
- Nationalitéit
Nationalitéit
Uschafung vun der Lëtzebuerger Nationalitéit
D'Lëtzebuerger Nationalitéit kréien — iwwer Naturalisatioun, Optioun oder d’Erëmkréien — gëtt enger auslännescher Persoun d’Qualitéit vun engem Lëtzebuerger·in, mat all senge/hire Rechter a Flichten, déi domat verbonne sinn.
Dank dem Prinzip vun der duebeler Nationalitéit kënnt Dir elo déi Lëtzebuerger Nationalitéit kréien, ënner gewësse Konditiounen, ouni op Är Nationalitéit verzichten ze mussen.
Et existéiere méi Manéieren, fir déi Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien.
A gewësse Fäll kritt een déi Lëtzebuerger Nationalitéit automatesch, duerch den einfachen Effekt vum Gesetz:
- iwwer Ofstamung;
- iwwer Adoptioun;
- duerch Gebuert zu Lëtzebuerg;
- wéinst Statusbesëtz.
Méi Informatiounen iwwer dat automatescht Besëtztum vun der Lëtzebuerger Nationalitéit.
D`Naturalisatioun ass op fir all groussjäreg Persoun, ënner follgende Bedéngungen:
- op d’mannst 5 Joer legal zu Lëtzebuerg wunnen (dat lescht Joer, just virun der Demande, muss onënnerbrach sinn);
- eng gutt Kenntnis vun der lëtzebuergescher Sprooch hunn, dokumentéiert duerch e Certificat vum gepackte Sproochentest;
- un engem Cours «Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg» deelhuelen, oder den Examen iwwer d’Fächer, déi an dësem Cours behandelt ginn, gepackt hunn.
D’Kréie vun der Lëtzebuerger Nationalitéit ënnerläit och der Konditioun vun der Éierenhaftegkeet.
Méi Informatiounen iwwer d’Kréie vun der Lëtzebuerger Nationalitéit iwwer Naturalisatioun.
D’Optioun ass op:
- fir déi groussjäreg Persoun, wou en Elterendeel, den Adoptivelterendeel oder ee vun de Grousseltere Lëtzebuerger·in ass oder war;
- fir en Elterendeel vun engem mannerjärege lëtzebuergesche Kand;
- am Fall vun engem Bestietnes mat enger lëtzebuergescher Persoun;
- vun 12 Joer un, fir all Persoun, déi zu Lëtzebuerg gebuer ass;
- fir all groussjäreg Persoun, déi op d’mannst 7 Schouljoeren zu Lëtzebuerg ofgeschloss huet;
- fir all groussjäreg Persoun, déi zënter op d’mannst 20 Joer zu Lëtzebuerg wunnt;
- fir all groussjäreg Persoun, déi d’Engagementer vun hirem Contrat d'accueil et d'intégration erfëllt huet;
- fir all groussjäreg Persoun, déi virum Alter vun 18 Joer zu Lëtzebuerg gewunnt huet;
- fir all groussjäreg Persoun, déi vum staatenlose Statut oder Flüchtlingsstatut oder vu subsidiärem Schutz profitéiert;
- fir de fräiwëllegen Zaldot.
Méi Informatiounen iwwer d’Kréie vun der Lëtzebuerger Nationalitéit iwwer Optioun.
De Recouvrement ass op:
- fir all groussjäreg Persoun, déi déi Lëtzebuerger Nationalitéit verluer huet;
- fir d’Fra, déi d’Qualitéit vum Lëtzebuerger verluer huet, well si oder hire Mann eng aner Nationalitéit beim Bestietnis krut, ouni dat si dat wollt;
- fir den Nokommen an direkter Linn, vun der Säit vum Papp oder vun der Mamm, engem Virfaren, deen um 1. Januar 1990 déi Lëtzebuerger Nationalitéit hat, wann dësen oder ee vu senge Virfaren dës Nationalitéit verluer huet.
Méi Informatiounen iwwer d’Erëmkréie vun der Lëtzebuerger Nationalitéit.
Éier Dir déi Lëtzebuerger Nationalitéit iwwer Naturalisatioun kritt, oder a gewësse Fäll iwwer Optioun, musst Dir Är Kenntnisser an de follgende Beräicher beweisen:
- d’Lëtzebuerger Sprooch, e Certificat vum gepackte Sproochentest ass virzeweisen, oder de Certificat, datt Dir un engem Sproochecours fir Lëtzebuergesch deelgeholl hutt;
- d’Grondrechter fir Bierger, déi staatlech a kommunal Institutioune vum Groussherzogtum, souwéi d’Geschicht vu Lëtzebuerg an déi europäesch Integratioun, ze beweise mam Certificat «Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg».
Fir méi Informatiounen iwwer déi erfuerderlech Konditioune fir d’Kréie vun der Lëtzebuerger Nationalitéit.
Dës Demarche ass op fir:
- all Persoun mat Lëtzebuerger Nationalitéit, déi zu Lëtzebuerg oder am Ausland wunnt;
- all Persoun mam staatenlose Statut;
- all Persoun, déi de Flüchtlingsstatus huet oder vu subsidiärem Schutz profitéiert.
- All Persoun, déi d’Lëtzebuerger Nationalitéit iwwer Naturalisatioun, Optioun oder Recouvrement krut, kann dës Ännerung och froen.
Wann Dir eng auslännesch Nationalitéit hutt, awer zu Lëtzebuerg wunnt oder gebuer sidd, an Ären Numm an/oder Virnumm/Virnimm ännere wëllt, musst Dir dat bei de kompetenten Autoritéiten an Ärem Land froen.
Fir méi Informatiounen iwwer d’Ännerung vun Ären Numm an/oder Virnumm/Virnimm.