- Liewen zu Stengefort
- Kanner & Jugendlecher
- Maison Relais
Maison Relais
Zënter 1991 organiséiert d’Gemeng Stengefort Betreiungsstrukture fir d’Kanner. Mam Erstelle vun enger Schoulkantin war Stengefort eng vun den éischte Gemengen zu Lëtzebuerg, déi esou eng ëffentlech Garderie agefouert huet.
Dës Initiativ erlaabt deenen zwee Elteren enger berufflecher Aktivitéit nozegoen a gläichzäiteg d’Kanner an hirer sozialer Entwécklung ze motivéieren. Am Laf vun de Joren huet d’Gemeng dëse Service weider ausgebaut: vun der Schoulkantin bis bei d’Betreiungsstrukturen, bis bei d’Maison Relais, déi 440 Kanner ophuele kann.
D’Maison Relais empfänkt d’Kanner aus de Cyclë Precoce bis 4 vum Enseignement fondamental vu Stengefort, egal wéi eng Kultur, Hierkonft, Relioun oder Nationalitéit.
Wann d’Demande iwwer déi verfügbar Plazen erausgeet, geet d’Prioritéit un:
- elengerzéiend Famillen,
- Famillen, wou déi zwee Eltere schaffen,
- benodeelegt Famillen.
(Artikel 3 vun der Gemengereglement iwwer Betreiungsstrukturen)
Méindeg, Mëttwoch a Freideg:
- vu 7:00 bis 7:50 Auer
- vun 11:50 bis 13:50 Auer
- vu 15:50 bis 19:00 Auer
Dënschdeg an Donneschdeg :
- vu 7:00 bis 7:50 Auer
- vu 11:45 bis 19:00 Auer (Cyclen 1.1 an 1.2)
- vu 12:35 bis 19:00 Auer (Cyclen 2 bis 4)
D’Aschreiwung fir d’Schouljoer leeft just nach iwwer d’Applikatioun Kidola. D’Umeldeformulairen op Pabeier ginn net méi ugeholl.
Dës Evolutioun hëlleft déi administrativ Demarchen ze vereinfachen, d’Kommunikatioun ze verbesseren an d’Organisatioun am Alldag ze optimiséieren.