- Administratioun
- Administrativ Demarchen
- Hochzäit
Hochzäit
D’Bestietnes
D’Virbereedung fir dat zivilt Bestietnes betrëfft all Persoun, déi sech zu Lëtzebuerg bestuede wëll, egal vu wéi enger Nationalitéit. Déi reliéis Hochzäit kann nëmmen nom ziville Bestietnes stattfannen: nëmmen eng reliéis Hochzäit feieren, ouni viregt zivilt Bestietnes ass streng verbueden.
Fir Iech zu Lëtzebuerg ze bestueden, musst Dir op d’mannst 18 Joer al sinn. Eng mannerjäreg Persoun kann sech ausnamsweis bestueden, wann de Riichter vun der Tutelle d’Geneemegung dozou ginn huet (zousätzlech Dokumenter kënne gefrot ginn, ofhängeg vun der Nationalitéit vun der mannerjäreger Persoun).
An der Gemeng Stengefort ginn zivil Bestietnesser mëttwochs a freides nomëttes gefeiert.
E gutt preparéierten Dossier
Gewësse Formalitéite musse virun Ärem Bestietnes erfëllt ginn. Et ass also an Ärem Interessi Iech op d’mannst 2 Méint virun dem ausgewielten Datum am Büro vum État civil ze presentéieren. Wann Dir Auslänner·in sidd, kommt léiwer 3 Méint virdrun.