Gestion locative sociale

Dëst ass fir all Persoun, déi sech gär iwwer d’Theema informéiere wëllt, souwéi all Propriétären·innen, déi eng oder méi Wunnengen, déi hinne gehéieren, zur Verfügung stelle wëllen.

D'Gestion locative sociale ass eng Zort bezuelbar Wunneng fir Leit mat nidderegem Akommes. Et handelt sech am Allgemengen ëm Wunnenge mat moderatem Loyer, déi vu privaten oder ëffentlechen Organisme geréiert ginn, an déi vun den nationale Gesetzer reglementéiert sinn. D’Loyere gi laut dem Niveau vum Akommes an de lokative Krittäre berechent, wéi der Unzuel vun de Persounen, déi an der Wunneng liewen. D’Empfänger·inne mussen och déi spezifesch Locatairesbedéngunge respektéieren.

All Fondatioun, ASBL oder all Société d'impact sociétal, déi als Gesellschaftszweck d’Promotioun vum Logement huet, souwéi d’Gemengen, Gemengesyndikater, an ëffentlech Promoteuren, kënnen eng Zesummenaarbechtskonventioun mam Ministère fir Wunnengsbau a Landesplanung ënnerschreiwen.

Dës Organisme verlounen da Wunnengen, déi privat Proprietairë gehéieren, fir se Persounen, zur Verfügung ze stellen, déi Schwieregkeeten hunn, eng Wunneng ze fannen.

  • De Proprietär, deen seng Wunneng verloune wëll, kontaktéiert de konventionéierten Organismus vu senger Wiel. Dëse proposéiert dann d’Wunneng ënner dem Präis vum Maart ze verlounen, am Géigenzuch zu interessante Virdeeler.
  • De Proprietär an de konventionéierten Organismus ënnerschreiwen de Bail. De gewielten Organismus wielt dann e Sous-Locataire no gewësse Krittären.

Den Organismus erfëllt seng Verflichtungen als Locataire, garantéiert de Suivi vum Sous-Locataire an iwwerhëlt all kleng Maintanceaarbechten, déi an der Wunneng ufalen.

Är Wunneng mat engem konventionéierte Partner verlounen, ass e sozialen Akt, deen Iech vill Virdeeler bitt:

Garantéierte Loyer

Wann Dir e Bail mat engem konventionéierte Partner ënnerschreift, ass d’Anzéie vum Loyer all Mount garantéiert, esouguer wann d’Wunneng eidel steet.

Steierfräiheet

Als Proprietaire profitéiert Dir vun enger Steierfräiheet vun 90% op Ärem Netto-Akommes aus Loyeren. Dëse Virdeel kompenséiert bei Wäitem, datt de Loyer vun Ärer Wunneng fir ongeféier 30 oder 40% manner wéi um Privatmarché verlount gëtt.

Betreiung vum «Sous-Locataire»

D’Persoun, déi an Ärer Wunneng wunnt, gëtt vun enger professioneller Ekipp aus dem Sozialberäich betreit, an dëst wärend der ganzer Dauer vum Kontrakt a si schalten sech och an, wann néideg.

Disponibilitéit vun Ärer Wunneng

Är Wunneng bleift fir Iech an Är Famill verfügbar. Am Fall vun engem perséinleche Gebrauch, kënnt Dir se séier recuperéieren. D’Persoun, déi dra wunnt, gëtt da vum Partner ëmlogéiert.

Entretien vun Ärer Wunneng

Déi konventionéiert Partner verfügen iwwer technesch Ekippen, déi d’Kontroll an déi alldeeglech Entretiensaarbechte vun Ärer Wunneng garantéieren.

Max Zambelli

Service urbanisme, Urbaniste, Chef de service