Buttek vun der Croix-Rouge

Zënter dem 18. Mee 2015 ass d'Epicerie sociale an der Maison Diederich zu Stengefort. Si empfänkt d’Bezéier vu verschiddene Sozialämter:

  • Office social vu Mamer: Bartreng, Dippech, Kielen, Koplescht, Leideleng, Mamer, Recken-op-der-Mess
  • Office social régional vu Stengefort: Garnech, Habscht, Käerch, Simmer, Stengefort
  • Office social vu Stroossen: Stroossen

Ënner der Leedung vun der Madamm Caroline Lauer proposéiert déi sozial Epicerie vu Stengefort de Leit, déi an enger bedürfteger Situatioun sinn an an dëse Gemenge wunnen, hei d’Wuere fir hir Grondbedierfnesser, fir manner Sue kafen ze kënnen.

Kachcoursë ginn och proposéiert, mat de frësche Produkter aus den Epicerien an a Presenz vu Fachleit, Nutritionnisten a Käch.

Spënchen a.s.b.l.

D'Spënchen a.s.b.l. ass eng Versuergungszentral vum Netzwierk vum «Buttek» vum Land. Se gouf a Partnerschaft mat aneren Associatioune gegrënnt (Caritas, Aarbechtshëllef, Jongenheem...), fir eng méi effizient Gestioun vun de Produkter an den Epicerien.

Second Hand Shop Wullmaus

Den «Second Hand Shop Wullmaus» ass um éischte Stack vun der Maison Diederich. E gëtt vun der asbl Wullmaus Stengefort geréiert.

Ëffnungszäiten:

  • Samschdeg, vun 9:00 bis 11:00 Auer, ausserhalb vun de Schoulvakanzen;
  • all éischte Mëttwoch am Mount, vu 16:00 bis 19:00 Auer.