- Administratioun
- Administrativ Demarchen
- Drénkwaasser
Drénkwaasser
D’Drénkwaasser ass e wichtegt Liewensmëttel, dat direkt bei Iech heemgeliwwert gëtt. Fir eng permanent Liwwerung ze garantéieren, huet d’Gemeng am Laf vun de Joren e puer Projeten duerchgefouert.
D’Waasser gëtt vum Syndicat des Eaux du Sud (SES) geliwwert.
Qualitéit vum Waasser
Et gi reegelméisseg Analyse gemaach, fir eng héichwäerteg Waasserqualitéit ze garantéieren. Dir kënnt Iech dës Analysen iwwer de Link hei ënnen ukucken.
Fir méi doriwwer gewuer ze ginn: www.drenkwaasser.lu & www.waasser.lu
E Problem mellen
Am Fall vun engem Problem mam Waasseruschloss, oder wann Dir eng Waasserfuite entdeckt, kontaktéiert wgl. déi kompetent Gemengeservicer.
Baussent den Aarbechtsstonne gëtt et eng Permanence, 24/24St op der Nummer 399313-555.