- Liewen zu Stengefort
- D'Gemeng engagéiert sech
- Naturpakt
Naturpakt
Stengefort engagéiert sech fir d’Natur
Déi Lëtzebuerger Regierung setzt sech héich Ziler betreffend Naturschutz a Schutz vun der Biodiversitéit.
- den 3. nationale Plang betreffend dem Naturschutz
- den Aktiounsplang Bësch
- den nationale Plang fir eng nohalteg Entwécklung
- de Gestiounsplang vun den hydrografeschen Distrikter um Rhäin an op der Meuse (lëtzebuergesch Undeeler), op der Directive-cadre sur l'eau
- de Gestiounsplang iwwer d’Iwwerschwemmungsrisiken
- d’Strategie an den Aktiounsplang fir d’Upassung un d’Effekter vum Klimawandel zu Lëtzebuerg 2018-2023
Genee wéi de Klimapakt huet d’Regierung och en Naturpakt opgesat, en Instrument, deen d’Gemenge motivéiert d’Biodiversitéit op hire Gebidder ze restauréieren.
D’Gemeng Stengefort huet den Naturpakt am November 2021 ënnerschriwwen. Se huet och e Service écologique gegrënnt, mat enger interner Beroderin fir den Naturpakt.
Wéi d’Gemeng de Pakt ënnerschriwwen huet, huet se sech engagéiert Moossnamen ze ënnerhuelen, fir den Naturschutz, déi am Katalog opgelëscht sinn. Dogéint accordéiert de Staat verschidde Subventiounen, déi dann erëm an déi nei Moossnamen investéiert ginn.
De Katalog vum Naturpakt deckt follgend Beräicher of:
- allgemeng Strategie
- stättesche Milieu
- Milieu vun den oppene Landschaften
- Waassermilieu
- Bëschmilieu
- Kommunikatioun an Zesummenaarbecht
Laut dem Niveau vun der Ëmsetzung vun dëse Moossname kann d’Gemeng verschidden Zertifizéierungsniveauen erreechen: «Basiszertifizéierung» (40 %), «Bronze» (50 %), «Sëlwer» (60 %) oder «Gold» (70 %).
Eng Naturpakt Ekipp begleet dës Schrëtt: se vereenegt déi interesséiert Bierger·innen, de Fierschter, souwéi politesch Vertrieder·innen. Zesummen diskutéieren si iwwer méiglech Moossnamen a beroden d’Gemeng iwwer de Potenzial betreffend den Naturschutz.
Am Januar 2025 krut Stengefort déi éischt Zertifizéierung: 46,6% vun der Gesamtpunktzuel, an der Basiskategorie. Dës schéi Leeschtung weist, datt den Engagement vun der Gemeng am Naturpakt schonn seng Friichten dréit. An dat ass eréischt den Ufank!