Stationnement résidentiel

Am Kader vun der Aktualiséierung vum Verkéiersreglement huet d’Gemeng vu Stengefort zwou nei Reegelen agefouert, fir d’Parke besser ze geréieren: d’Parke mat Parkscheif an de Stationnement résidentiel, dat d’Parke fir d’Awunner·inne begënschtegt.

An de Stroossen, déi vum Stationnement résidentiel betraff sinn:

  • mat enger Vignette fir de Stationnement résidentiel kënnt Dir gratis parken ouni Limitt;
  • ouni Vignette kënnt Dir ëmmer nach do parken, awer mat Parkscheif an Dir musst déi ugewisen Zäit op de Stroosseschëlter respektéieren.

Eng Vignette fir de Stationnement résidentiel ufroen

Dir kënnt eng Vignette ufroen, wann Dir Proprietär oder Halter vun engem Gefier op Ären Numm sidd, an am Register vun den Awunner vun der Stengeforter Gemeng ageschriwwe sidd.

All Stot ka bis zu 3 Vignettë kréien: déi éischt ass gratis, déi zweet an déi drëtt muss ee bezuelen.

Fir Är Ufro ze maachen, mellt Iech bei der Gemengeverwaltung mam Formulaire hei ënnen.

Download

Kontakt

Yves Thill

Biergerzenter, chef de service

Melanie Francisco Da Cruz

Biergerzenter