Owes- an Ëmweltmaart

2022 gouf decidéiert den Ëmwelt-Maart zesumme mam Owes-Maart op der Maartplaz virum Gemengenhaus ze organiséieren. Op engen 30 Stänn fannen sou eis Awunner·inne Produite vun de lokale Betriber, ëmweltfrëndlech Produite vu regionalen Entreprisen sou wéi Informatioune vun den interkommunale Syndicaten. Déi éischt Editioun vum dësem gemeinsame Maart war e richtegen Erfolleg!

Fir Iessen a Gedrénks ass beschtens an enger flotter summerlecher Atmosphär gesuergt, an dat mat flotter Dekoratioun a Beliichtung. Eng Museksgrupp suergt all Joers fir gutt Stëmmung an et ginn Animatioune fir Kanner ugebueden.

Zanter 2024 ass den Owes- an Ëmwelt-Maart an de Park hannert dem Gemengenhaus geplënnert.