- Liewen zu Stengefort
- D'Gemeng engagéiert sech
- Klima-Bündnis
Klima-Bündnis
Alliance pour le Climat
D’Klima-Bündnis ass en europäesche Reseau vu Stied a Gemengen, déi sech zënter 30 Joer fir d’Weltklima asetzen, op der Säit vun hiren einheimesche Partner an den tropesche Reebëscher. D’Klima-Bündnis Lëtzebuerg regruppéiert de Moment 40 Gemengen, dorënner Stengefort.
Eise Liewensstil huet en direkten Impakt op d’Vëlker an d’Plazen, déi am meeschten op dësem Planéit bedrot sinn. Dofir verbënnt d’Klima-Bündnis lokal Aktiounen a global Verantwortung. D’Netzwierk encouragéiert d’Zesummenaarbecht mat den Urawunner·innen, féiert Sensibiliséierungscampagnen duerch an entwéckelt Hëllefsmëttel fir de Klimaschutz ze plangen. E bitt senge Membere vill Méiglechkeete fir matzemaachen a sech auszetauschen an e verteidegt hir Interessien op nationalem, europäeschem an internationalem Niveau.
Dës Aktiounsfelder decken sech och mat de villen Theme vum Klimapakt:
- Energeetesch Effizienz
- Erneierbar Energie
- Kommunalen CO2-Bilan
- Mobilitéit
- Buedemschutz
- Kommunal Uschafungen
- Nohalteg Manifestatiounen («Green Events»)
- Upassung un de Klimawandel
- Klimawandel am globale Süden