- Kultur & Fräizäit
- Konscht
- Billerwee
Billerwee
Ronderëm de Weier am Zentrum vu Stengefort bitt de Billerwee all de Bierger·inne vun der Gemeng eng flott Bün am Fräien, fir hir Wierker zum Thema #mirsistengefort ze presentéieren.
Véier bis sechs Mol d’Joer wiesselen d’Ausstellungen: Plaz fir nei Kreatiounen, oder aner Matmaachprojeten.
Eng Ausstellung, vun Iech a fir Iech ausgeduecht!
D’Ausstellungssupporte goufe vum Gemengenatelier aus recycléierte Palettë zesummegebaut, déi eis vu lokale Betriber zur Verfügung gestallt goufen.
Hutt Dir eng Iddi fir eng zukünfteg Ausstellung?
Schreift eisem Service PR & événementiel : [email protected]