Fairtrade

Fairtrade Gemeng

D‘Gemengeverantwortlech vu Stengefort engagéieren sech zënter ville Joren fir de fairen Handel, woubäi et d’Zil ass, d’Liewensbedéngunge vun de Produzenten an den Entwécklungslänner ze verbesseren.

Den 10. Juli 2014 huet de Stengeforter Gemengerot eestëmmeg entscheet eng «Fairtrade»-Gemeng ze ginn. Den 19. Abrëll 2015 hunn déi Responsabel vun der Organisatioun Fairtrade Lëtzebuerg dem Buergermeeschter Jean-Marie Wirth den offizielle Certificat iwwerreecht. Stengefort ass domat déi 20. Gemeng zu Lëtzebuerg ginn, déi de Label «Fairtrade-Gemeng» krut.

Dëse Certificat erkennt déi Moossnamen un, déi scho vun der Gemengeverwaltung ënnerholl goufen, an encouragéiert weider an de fairen Handel ze investéieren.

Den Aktiounsgrupp Fairtrade Stengefort

En Aktiounsgrupp Fairtrade koordinéiert d’Aktivitéite vun der Gemeng fir de fairen Handel, a passt op d’Erhale vum Label «Fairtrade Gemeng» op.

Dir wëllt Iech fräiwëlleg fir dës sozial an onpolitesch Saach engagéieren? Zéckt net eis Är Coordonnéeë matzedeelen:

D’Matmaache gëtt net bezuelt an ass op eng räsonabel Unzuel vu Versammlunge begrenzt.

Méi dozou