- Liewen zu Stengefort
- Chancëgläichheet
- Rues au féminin
Rues au féminin
Wien ass si ?
Stroossennimm ass eppes iwwert dat een sech net besonnesch vill Gedanke mécht. Et notéiert een se einfach als Deel vun enger Adress, eng simpel Erklärung iwwert wou eng Persoun wunnt. Mee mir huelen och passiv eng Informatioun op, an zwar registréiere mir ouni eis et bewosst ze sinn, wéi eng Nimm oft optauchen a wéi eng Nimm net sou oft oder guer net optauchen.
No wiem mir eis Stroosse benennen ass en Akt vu Commemoratioun, dat heescht et ass eng Entscheedung u wie mir eis wëllen erënnere an wie mir a Vergiessenheet fale loossen. Engem Projet vum European Data Journalism Networkno sinn déi déi mir commemoréieren haaptsächlech wäiss, räich Männer. An den europäesche Stied déi dëse Projet opgräifen, droe 90% vun de Stroossen déi no Mënsche benannt sinn, Männernimm géint 9% mat Fraennimm. Zu Lëtzebuerg hunn 2,5% vun all de Stroossen e Fraennumm a 17% e Männernumm. Fir déi Stroossen déi Fraennimm droen ervirzehiewen, huet de Nationale Fraerot (CNFL) 2023 de Projet „Who is She?“ an d‘Liewe geruff, bei dem eis Gemeng och matmécht.
Hei zu Stengefort hu mir mëttlerweil genee sou vill Stroossen déi no Frae benannt sinn, wéi Stroossen déi no Männer benannt sinn. Et si jeeweils 8 Stéck, déi elo en zweet Schëld bäigefüügt krute mat engem QR-Code iwwert deen een op déi jeeweileg Biographie vun deene Frae kënnt. Um Internetsite vum Projet fannt Dir alleguerten d’Biographien.
Wéi vill vun dëse Stroosseschëlder hutt Dir da schonn entdeckt?