Plënneren

Déclaration d'arrivée

All Persoun, déi hiren Haaptwunnsëtz an d’Gemeng Stengefort verleet, muss sech um Biergerzenter umellen. Dës Deklaratioun muss bannent engem Delai vun aacht Deeg gemaach ginn, nodeem Dir um Gebitt vun der Gemeng ukomm sidd.

  • gülteg Identitéitskaart oder gültege Pass
  • Attestation d'enregistrement, Openthaltsbescheinegung oder Openthaltserlabnis (fir net Lëtzebuerger Bierger·innen)
  • Familljebuch oder Acte de mariage
  • Gebuertsschäiner vun de Kanner
  • Eegentumsnoweis, Contrat de bail oder Certificat d'hébergement

Wichtegen Hiweis: All Dokument, dat aus engem Drëttland staamt, muss vun enger lokaler kompetenter Autoritéit am Hierkonftsland authentifizéiert a vun der Ambassade legaliséiert ginn. Wann d’Dokumenter net op däitsch, franséisch oder op englesch verfaasst sinn, wgl. eng konform Iwwersetzung vun engem vereedegten Iwwersetzer matbréngen.

Wann Dir aus enger lëtzebuergescher Gemeng an eng aner plënnert, kënnt Dir Är Umeldung och ewell online maachen, iwwer MyGuichet.lu.

Dës Online-Demarche kënnt Dir fir eng eenzel Persoun maachen, awer och fir de/d'Partner·in oder de gepacste Partner·in (an hir mannerjäreg Kanner), wann si op där selwechter Adress gewunnt hunn.

Et gëtt ugeroden e Beweisdokument vun Ärem Haaptwunnsëtz bei Är Umeldung bäizefügen, zum Beispill:

  • Den Accord vum Proprietaire oder dem/der Bewunner·in vun der Wunneng;
  • En Extrait vum Contrat de bail;
  • En Extrait vum Verkafsakt vum Notaire, asw.

Wann Dir an d’Ausland plënnert, kënnt Dir Är Deklaratioun fir d’Ofmeldung och online maachen.

No Ärer Umeldung kommt Dir op d’Recette communale, fir Är Ufro fir d’Poubellen ze maachen.

Fir méi Informatiounen iwwer den Offall, kuckt op eiser spezifescher Säit.

Wann Dir en Hond hutt, musst Dir hien och bei der Recette communale umellen. Dofir braucht Dir e Certificat vun der Versécherung, datt Dir eng Haftflicht hutt, an e Certificat vun engem unerkannten Déierendokter.

All Wunnsëtzwiessel bannent der Gemeng muss och onbedéngt um Biergerzenter gemellt ginn, an Dir musst Follgendes virleeën:

  • E gültegt Identitéitsdokument;
  • Wann néideg, eng Umeldungsbescheinegung oder eng Openthaltskaart vun engem Familljemember aus der Europäescher Unioun;
  • En Eegentumsnoweis, e Contrat de bail oder e Certificat d'hébergement.

Déclaration de départ

All Wunnsëtzännerung an d’Ausland muss dem Biergerzenter matgedeelt ginn, op Virleeë vun engem gültegen Identitéitsdokument an, wann néideg, enger Attestation d'enregistrement oder enger Openthaltskaart vun engem Familljemember aus der Europäescher Unioun.

Wann Dir Lëtzebuerger sidd, musst Dir net mellen, wann Dir aus enger Gemeng a Lëtzebuerg erausplënnert.

Dir musst der Recette communale awer matdeelen, datt Dir d’Gemeng verloosst, wéinst der Ofrechnung:

  • vun Ärem Waasserverbrauch;
  • vum Offall;
  • souwéi wéinst der Annulatioun vun de verschiddene Poubellen.

Kontakt

Yves Thill

Biergerzenter, chef de service

Melanie Francisco Da Cruz

Biergerzenter