Youth & Work

Youth & Work bitt deene Jonken an de jonken Erwuessenen eng individuell Begleedung a Rotschléi bei der Sich no enger Formatioun oder enger Aarbechtsplaz un.

Dëse Service ass fräiwëlleg a gratis.

Youth & Work kann dir hëllefen, wann ...

Wann s du op eng vun dëse Froe mat «jo» äntwers, ka Youth & Work dir hëllefen:

  • Du bass op der Sich no enger Aarbecht?
  • Du bass scho méi laang am Chômage an du bass amgaang d’Hoffnung ze verléieren?
  • Du hues d’Schoul ouni Diplom ofgebrach an du sichs en neie Wee?
  • Du bass net sécher, wat s du no der Schoul maache wëlls?
  • Du hues nach keng Léierplaz fonnt?
  • Du géifs dech gär op eng spezifesch Formatioun virbereeden?

Wat Youth & Work dir bitt

Youth & Work schafft zesumme mam Aarbechtsministère, de Gemengen, de Betriber an de Schoulen, souwéi de Berodungs- a Formatiounsinstituter.

D’Zil: mat dir direkt zesummeschaffen, op eng einfach, séier a kompetent Manéier, fir Léisungen ze fannen, déi zu dir passen.

Kuerz gesot, du profitéiers vun:

  • engem·er Uspriechpartner·in, deen/déi deng Situatioun eescht hëlt;
  • e professionellen an individuelle Coaching;
  • Rotschléi, fir d’Aarbechtswelt an d’Formatioune besser ze kennen, verbonne mat dengem perséinleche Profil;
  • eng Begleedung a Richtung Formatioun: wéi eng Parcourse scho bestinn, d’Formalitéiten an nei Méiglechkeeten;
  • eng aktiv Ënnerstëtzung bei denger Sich no enger Aarbecht, bis bei d’Ënnerschrëft vun dengem Aarbechtskontrakt.

Youth & Work

Tel.: +352 26 62 11 41
11, Grand Rue
L-8510 Redange

Du kanns och direkt e Rendez-vous online ufroen.

Méi dozou