- Liewen zu Stengefort
- Mobilitéit
- Night Rider & Night Card
Night Rider & Night Card
Den Night Rider ass eng individuell Nuetsnavett, ouni Fuerplang an ouni fix Haltestellen. Op Ufro an op Reservatioun am Viraus hëlt en seng Clienten doheem of, fir se op d’Plaz vun hirem Choix am Groussherzogtum Lëtzebuerg ze féieren, freides a samschdes, tëschent 18:00 Auer a 5:00 Auer moies.
Et ass eng kollektiv Navett: Aner Passagéier kënnen ënnerwee eran- oder erausklammen. Den Night Rider fiert seelen Direktweeër, e mécht awer och trotzdeem keng grouss Ëmweeër.
All Awunner·innen aus der Stengeforter Gemeng.
- Jonk Erwuessener vu 16 bis 25 Joer (abegraff): 25 € d’Joer
- Erwuessener vu 26 Joer un: 50 € d’Joer
Wann Dir d’Night Card vu Stengefort hutt, ginn Är Transfertskäschte vun der Gemeng bezuelt, mat der Conditioun datt Äre Startpunkt oder Äert Zil innerhalb vum Gemengegebitt (Grass, Hoen, Klengbetten oder Stengefort) läit.
Fir den Night Rider gratis ze benotzen, gitt de Code op Ärer Night Card an d’Feld «Night Card» um Reservatiounsformulaire an (zum Beispill «STET12345»: dëse Code steet vir op Ärer Kaart).
Wa méi Persounen dee selwechten Trajet reservéieren, gëtt d’Bedeelegung vun de Cliente mat der Night Card automatesch bei der Reservatioun vum Gesamtpräis ofgezunn.